D'Fussballséquipe stoung scho virun enger Partie Jore prett. An der Silvester-Nuecht huet d'Michelle Duggar am Alter vun 42 Joer hiert 19. Kand op d'Welt bruecht. D'Famill aus dem Arkansas ass an Amerika duerch eng Fernseh-Sendung bekannt ginn.

Dat klengt Josie ass 3 Méint ze fréi duerch eng Césarienne op d'Welt komm. 623 Gramm huet dat klengt Meedche bei der Gebuet gewien. Den Zoustand soll awer stabil sinn. Der Mamm geet et den Ëmstänn entspriechend gutt.

Zënter 25 Joer sinn d'Michelle an den Jim Bob Duggar bestuet. Den Joshua, hiren eelste Fils huet 21 Joer an ass scho selwer Papp.

Sämtleche Kanner hir Virnumm fänke mam Buschtaw "J" un.

An engem Interview hunn d'Eltere matgedeelt, datt si sou laang wëlle Kanner kréie wéi d'Michelle ka schwanger ginn.