Vakanz eriwwer. Erëm Alldag. Déi schéinst Deg vum Joer – Vergaangenheet.
 
An? Wéi hu Der de leschten Dag an der Vakanz erlieft? Deen Dag an deem neutrale Land do tëscht dohannen an hei heem, tëscht Näischtman an erëm Schaffen.
 
E kéint esou lues a lues, e schläicht sech esou erun. Deen Owend virdrun denks de schonn: Mar nach, owes kanns de schonn d’Walliss paken.
’t genéisst een op eemol alles méi. Déi leschte Kéier de Wee op d’Plage, de leschte lëschtegen Owend an der Bar, d’Gespréicher mat de „Frënn fir eng Saison“.
 
An da kéint de Muere vum leschten Dag. Déi Zäit, wou’s de Kaffi drénks, gëtt däi Gepäck schonn aus dem Zëmmer geraumt. De Garçon wënscht eng gutt Heemrees. Un eiser Klufft mierkt en, dass mer nit méi bleiwen.
 
Dann, bis d’Navette fir op de Fluchhafen do ass, sëtzt ee sech alt nach emol bei de Swimmingpool. Zu zwee op ee Stull. Du gehéiers jo nit méi derzou. Hues jo och fir dësen Dag nit méi bezuelt. Du gëss nit méi esou richteg an d’Gespréich vun deenen, déi nach bleiwen, geholl. Si schéngen dech e bësse matleedeg ze kucken. De leschte Patt muss d’och direkt bezuelen, soss ni. Deen hannert der Bar huet dech och duerchkuckt. Du gees. Säi Service och nit méi esou frëndlech, vill méi séier, méi geschäftlech.
 
Ass et nit esou e bësse wéi soss och am Liewen? Och do komme mer ëmmer erëm a Situatiounen, dass mer nit méi derzou gehéieren. ’t deet e bëssi wéi.
 
A wann dann de Fliger start, an ’t kuckt ee nach eng Kéier no ënnen, wou ee vru kuerzem nach e bësse melancholesch war, ass et gutt, wann engem déi al Wäisheet afält: An all Enn stécht Gottseidank och en neien Ufank. An domat léisst et sech gutt heemreesen a weiderliewen. An déi nächst Vakanz - kënnt bestëmmt.

AUDIO: 17/09/2015 Apropos Roland Kalté - Vakanz eriwwer