Zanter dëser Woch sinn net nëmmen d'Schüler an d'Schoulpersonal traureg, oder frou, datt déi grouss Vakanz eriwwer ass. Och de Gérard Floener huet déi Rentrée dëst Joer esou richteg ze spiere kritt.

Dobäi wollt ech dës Kéier mol eng Kéier net knouteren, alles wor gutt, bis den Organisatiounschaos deen d'Rentrée an de Schoule mat sech bréngt ausgebrach ass. Eng Organisatioun, déi mat sech bréngt, datt ee schlëmmstefalls 3 Deeg Congé muss huelen. Oder op d'mannst 3 hallef Deeg.

Stellt iech eng Famill mat 3 Kanner fir: 6, 9 an 12 Joer.

Verschidde Maison relais haten de 14. September zou, fir hir Rentrée ze preparéieren. Deen Dag sollen d'Kanner trotzdem net sech selwer iwwerlooss sinn, also een éischten Dag Congé!

Da kënnt de 15. September, Rentrée an der Grondschoul fir dat Jéngst Kand, dat an d'éischt Schouljoer kënnt (pardon, an den Cycle 2.1). An der Stad ass déi Rentrée eréischt um 9 Auer, an net ewéi a villen anere Gemenge schonn um 8 Auer.  Bis een dann op der Aarbecht ass, ass et gär schonn 10 Auer. Ginn et vill Patronen déi dat akzeptéieren? A wann een eng Arbécht huet, bei där dat guer net méiglech ass, wou ee scho muss eng fix Zäit do sinn?

A wann een dann eréischt den Dag selwer seng Lëscht kritt, mat deem wat ee fir d'Schoul kafe muss, ass alt nach eng Kéier op d'mannst een hallwen Dag Congé drop gaang!

An da mengt een, et hätt een et endlech gepackt, da kënnt d'Rentrée am Secondaire. Dat 12 Joer aalt Kand geet fir d'éischt op VIIe. Kann et am Prinzip och schonn alleng, et geet jo elo an déi grouss Schoul.

Mä grad déi grouss Schoulen hunn déi gutt Iddi, um Rentréesdag eng Reunioun fir Elteren ze organiséieren. A verschiddene Schoulen ass dat Moies tëscht 8 an 10, an aneren nomëttes tëscht 2 a 4. Op alle Fall leien déi Reuniounen esou, datt ee sech alt nees op d'mannst een hallwen Dag Congé muss huelen.

Hëlt een deen net, oder kritt een deen net, da gëtt een an der Schoul ofgestempelt als een, dee sech net fir säi Kand a seng Schoul interesséiert. Dobäi ass dat Argument grad esou blöd ewéi ze behaapten, déi Reuniounen kéinten net bausst der Schoulzäit organiséiert ginn, well een dem Schoulpersonal no 2 Méint Vakanz net schonn nees direkt "Iwwerstonnen" zoumudde kann.

Wéi mécht d'Lehrpersonal dat zum Beispill mat hire Kanner? Wéi kann eng Joffer hir Kanner um éischte Schouldag begleeden, anengems awer mat Zäiten op hirer Aarbecht sinn an déi aner Kanner an der Schoul begréissen? Wéi mécht een dat, wann de Patron engem fir d'Rentrée net wëll, oder net kann, fräiginn? Wéi mécht eng Mamm oder ee Papp dat, dee seng Kanner alleng erzitt, an net och nach Hëllef vu senger Famill ka kréien?

Vill Froen, déi leider ouni Äntwert bleiwen.

AUDIO: 17/09/2015 Apropos Rentrée