Gëtt Fleesch-Iessen am Restaurant deemnächst verbueden? Wann et dem Christina Figueres no geet, kënnt dat an 10 bis 15 Joer de Fall sinn.

Déi Responsabel fir d’Klimaofkommes vu Paräis fënnt, datt Fleesch iessen ëmweltschiedlech ass a vergläicht et mam Fëmmen.  Et gëtt ëmmer méi verbueden. Eng Onmass vu Regelen a Kontrollen loossen der perséinlecher Fräiheet kaum nach Raum. Eegent Denken kréie mir ofgeholl. Dat féiert ganz dacks zu Reaktanz. Wat dat ass, erklärt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.

AUDIO: Apropos vum Guy Seyler "Reaktanz"

Reaktanz entsteet, wann de Mënsch sech a senger Fräiheet ageschränkt fillt. Hie mécht da grad de Géigendeel, fir seng Eegestännegkeet erëm hierzestellen.
Wéi mir kleng waren, hate mir déi 10 Geboter. Si hunn eis Angscht gemaach, well se mat béise Strofen an der Häll verbonne waren. Datt de Mënsch sech trotzdem net ëmmer drun hale géif, wosste schonn dem Jesus seng Jünger. Duerfir hunn si mat de Geboter direkt och d’Beicht agefouert.
Fir datt eng Gesellschaft iergendwéi verstänneg zesumme fonctionnéiere kann, mussen et Regele ginn. Déi Regelen hunn awer nëmmen e Sënn, wann een och den Zweck dovunner agesäit. Si mussen engem aliichten.

Op eise Stroossen begéint een ee Verbuetschëld nom aneren. Verstitt dir, datt ee laanscht e Chantier nëmme mat 30 däerf fueren, wann et Sonndeg ass a keen Aarbechter wäit a breet ze gesinn ass? Wéi vill vun eis Foussgänger ginn duerch rout, wa lénks a rieds alles fräi ass?
Den neien Auto ass a 5 Sekonnen vun 0 op 100. Seng Héchstvitesse ass bei 250 gedrosselt. Dem Gesetz no kann een awer maximal mat 130 km an der Stonn ënnerwee sinn. Soss blëtzt et. Gëtt duerfir manner gerannt ?

D’Zigaretten sinn déidlech, steet grouss um Pak drop. Dee Gëftstengel gëtt awer weider produzéiert, wéinst dem Aarbechtsmaart an de Steiersuen.
Anescht ass et mat den Drogen. En Joint fëmmen ass streng verbueden. Hëlleft dat eppes? 
Alkohol ass genee esou schlecht wéi Drogen, gëtt vu ville behaapt. Hannert dem Steier ass et en absoluten no-go. Trotzdem wëlle mir an den nächsten Deeg den Ofschloss vum Joer net mat Waasser feieren.
A ville Länner op der Welt, besonnesch an den USA  gëtt et d'Doudesstrof. Sinn déi Länner méi sécher ?
 
D’Fro, déi sech stellt: muss esou vill vun uewen erof verbuede ginn? Ginn d’Saachen net méi interessant, well se verbuede sinn.
Ech hunn an der Schoul menge Kanner ëmmer d’Geschicht vum Friedrich- de-Groussen erzielt. Wéi am 18. Joerhonnert eng uerg Hongersnout war, wollt de Preussekinnek senge Leit d‘Gromperen als Alternativ ubidden. Déi hunn sech awer vehement géint dat neit an onbekannte Kraut gewiert.
Du huet de Friedrich et mat engem Trick probéiert. Hien huet op sengem eegene Feld Gromperen ubaue gelooss. Gläichzäiteg gouf et jidderengem streng verbueden, och nëmmen ee Fouss op den Terrain ze setzen. Ronderëm stoungen Zaldoten, déi opgepasst hunn. Déi haten awer vum Kinnek den Uerder kritt, nuets zwee Aen zouzedrécken. An et koum esou, wéi hien sech et geduecht hat. Nuets sinn d’Bauere komm, hunn Gromperen geklaut, a selwer ugebaut.
Dee Schachzuch goung op, just well et verbuede war.