Wann e Joer op en Enn geet, kënnt een net derlaanscht op déi vergaangen 12 Méint zeréckzekucken, ob een dat elo selwer an engem rouege Moment mécht oder ob een drop gestouss gëtt duerch déi vill verschidde Réckblécker, déi een an der Press begéint.

Dat kënne schéi Momenter sinn, awer dacks och traureger. Besonnesch wann ee bei d'Gesiichter an d'Nimm vun deene Mënsche kënnt, déi eis verlooss hunn. Do kënnt nieft dem Gefill vun der Vergänglechkeet och d'Nostalgie op mat der Erënnerung un intensiv Momenter, déi ee mat oder duerch déi Mënschen erlieft huet. Déi eng goufen engem aus dem Familljeliewen oder aus dem Frëndeskrees gerappt, si feelen engem elo um gemeinsame Festdësch oder doen een net méi laache bei flotte Geleeënheeten zesummen. An da goufen et och nach déi, déi ee grad kuerz kennegeléiert hat a vun deenen een dann erzielt kritt, datt se onerwaart gestuerwe sinn.

Oder Mënschen, déi een aus der Ëffentlechkeet kennt, Nimm, déi engem eppes soen, déi ee suivéiert huet an déi een esou och markéiert hunn. Leschte Weekend eréischt sinn ech esou vun der Nouvelle erféiert ginn, datt déi däitsch Radio-Moderatorin Stefanie Tücking iwwerraschend gestuerwe wier. Nëmmen e puer Deeg virdrun nach hunn ech se um Radio héieren an hat genau dat Gefill, datt ech an engem Commentaire op dem Site vun hirem Sender gelies hunn: „Wann ech hir Stëmm héieren hunn, da war ech Doheem.“

Si war wuel mäin Alter a meng Generatioun an an deem selwechten Domaine aktiv wéi ech. Hir Stëmm hat eppes, huet mech gepaakt a gefaange geholl. Ech hu bei hir ëmmer genee nogelauschtert, sou wéi se geschwat huet an dat wat se gesot huet iwwer déi Themen an deene se sech auskannt huet. Onverfälscht, onverwiesselbar an direkt, nach ëmmer esou wéi virun 30 Joer.
Perséinlech hunn ech d'Stefanie Tücking ni begéint a mengem Liewen, mä och op Distanz hat ech d'Gefill, wéi wa mir e bëssi Wee zesummegaange wieren.
An deemno feelt mer och doduerch elo e Stéck Liewen. Mä d’Erënnerung bleift an d’Stëmm jo iergendwéi och.

AUDIO: Apropos "E Stéck Liewen"