Fir eng Rëtsch Leit war den Dezember dee leschte Schaffmount. Elo sinn si no 40 Joer Aarbechtsliewen an der wuelverdéngter Pensioun. Déi nei Fräiheet richteg ze genéissen, dat ass guer net esou einfach, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

Scho méi laang hunn är Aarbechtskollegen Iech mat der Fro genervt: „Wéi laang muss du dann nach goen?“ Aus dem Wuert MUSS war kloer eraus ze héieren, datt si et kaum erwaarde konnten, bis deen „Alen“ de Büro raumt.
Elo ass et esou wäit. E klengen Abschid, e Cadeau an déi üblech Floskel: „Komm eis heiansdo besichen!“ Huelt dee Saz net wuertwiertlech, well et ass eng Ligen. Dir géift just stéieren. Op är Rotschléi, genee wéi op är Erzielungen, wéi et fréier war, huet kee méi Bock. „Ech hunn deemools ....“. Loosst dat! Deemools ass eriwwer. Mam Antrëtt an d’Pensioun ass d'Beruffsliewen Vergaangenheet.  An déi léisst ee vun elo un am beschten hannert sech.

Virun engem steet en entspaante Liewensofschnëtt. Kee Wecker rabbelt Moies fréi, kee Stau, keng Réuniounen, keng Hetz. Duerfir awer eng kleng Mëttesrascht. Just nach maachen, ob wat ee Loscht huet.  
Déi nei gewonne Fräiheet ass schéin, muss allerdéngs gutt geréiert ginn. An dat ass net einfach, wann een sech am Virfeld net richteg drop preparéiert huet.
Aarbechten wéi de Keller raumen, oder de Gaart an d’Rei setzen si séier erleedegt. An da freet een sech op eemol: Wéi kritt een e Sënn an dat Näischtmaachen?
Et denkt een no, iwwer d’Zäit, déi esou séier vergeet. An wouvun der net méi esou vill bleift. Also musst een se uerdentlech a méiglechst sënnvoll  notzen.

Et muss erëm eng Struktur an den Alldag. Mat neie Pläng.
Um Golfterrain am Rough no de Bäll sichen, dat ass eng Alternativ.
Op der Universitéit sëtze vill Leit, déi no der Virliesung den Hörapparat ausdoen.
Mat Pinsel a Faarwen ganz Toile voll molen ass fir déi aner net onbedéngt e Cadeau, kann engem selwer awer eppes  bréngen.
Sport am Alter hält jonk an ass scho bal eng Pflicht.
De Benevolat kann ouni engagéiert Pensionären net fonctionnéieren.
An da sinn do jo och nach d’Enkelkanner. Déi kënnen eis Aal a punkto Technik zwar méi léieren, wéi mir si. Mee si freeë sech iwwer aktiv Grousselteren. An et sinn wahrscheinlech déi eenzeg, déi eise Geschichten nach nolauschteren.

Also, et gëtt nach ëmmer eppes ze dinn. Paakt et un.

AUDIO: 12/01/2019 APROPOS - Endlech Pensioun