Nodeems d‘Cargo-Schëff MSC Zoé an der Silvesternuecht an der stiermescher Nordséi iwwer 270 Containere verluer hat, gëtt elo no Ursaachen a Verbesserunge gesicht. Dat ass „typesch Mënsch“, mengt de Camille Ney…

Apropos vum Camille Ney: Wann d'Kand am Pëtz läit

Hätt een déi chemesch Containeren net kënne, jo missen, am Bauch vum Riseschëff transportéieren? Sinn déi Legosstécker alias Containere fest genuch uneneen? Soll een hinne Peilsenderen abauen, fir dass een se méi liicht erëmfënnt, wann esou eng Katastroph geschitt? Ass et an eiser Medezin zum gréissten Deel net genee d’selwecht? Du hues d’Gripp, da kriss de eng hallef Dose Pëllen a Sirup! Du hues Kappwéi, da gëtt et och eng Pëllchen, emol méi, emol manner staark! Dovu kriss de da Bauchwéi an da gëtt et och nees eng Pëll duerfir. An am schlëmmste Fall: du hues Kriibs, da gi Chimio a Bestralung gemaach!

Iergendwéini hunn d’Indianer ugefaang Tubak ze fëmmen. 1850 goufen déi éischt Zigaretten a Frankräich a Südspuenien produzéiert. Den 20.7.2014 krut eng Fra vum amerikanesche Schwurgeriicht 23,6 Milliarden Dollar Dommages et Intérêts, well hire Mann vun der Reynolds Tobacco Company net genuch iwwer de Risiko vum Longekriibs opgekläert gi war. D’Suitten dovun, wat d’Emballagen ubelaangt, kenne mer, an demnächst kënnt et jo och nach zu enger interessanter Debatte iwwer d‘Fëmmen an eiser Chamber.

Där Deeg huet mäin Hausdokter esou een Handy aus der Täsch gezunn, déi een normalerweis nach just am Recycling-Zenter fënd. Déi, mat deenen ee just kann telefonéieren a vläicht nach SMSen ka schécken. Op meng Fro firwat hien esou een hätt, huet hie mir vun all deene Studien erzielt, déi bis haut nach net kloer kënne beweisen, dass d’Strahle vun de Smartphones keng Tumeur am Kapp ka generéieren oder jonk Männer kann impotent maachen, wann hiert bescht Stéck permanent an der Täsch der Temperatur an de Strahlen ausgesat ass.

Als fréiere Fëmmert, deen och nach um internationalen Dag géint den Tubak gebuer ass, ass mir dunn nees d’Lobby vun der Tubaksindustrie agefall an déi genee esou staark war an ass, wéi déi vun den Telekommunikatiounen hautdesdaags. An och do wäert sech d’Geschicht widderhuelen. D’Iwwerschrëft, dass e groussen Telekommunikatiounskonzern e Prozess verluer huet a Milliarde Schuedenersaz muss bezuelen, erliewe mir net méi. Mee eis Kanner sécher! Si liesen dat an hirem Handy oder am virtuelle Brëll!