Muer ass den Internationalen Dag vum Gedenken un d’Affer vun der Shoah. An dat ass och hei zu Lëtzebuerg e wichtege Commemoratiounsdag – d’Journée de la Mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l‘humanité. D’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu huet sech e puer Gedanken dozou gemaach.

Apropos vum Josiane Hoffmann - Neen zum Antisemitismus

De 27. Januar 1945 ass d’KZ Auschwitz befreit ginn. Et steet beispillhaft fir de Massemord u Millioune Judden an anere Verfollegte vum NS-Regime, dorënner och ville Lëtzebuerger. Et ass fir eis Haiteg en Dag, un deem mir net just gedenken, mee och nodenke sollten. Grad am Joer 2019.

Et géing ee jo unhuelen, de Fanal vun Auschwitz misst dozou bäidroen, antisemitesch Tendenzen am Alldag z’ënnerbannen. De Géigendeel ass de Fall. An Europa keimt den Antisemitismus nees op. En neien, luesen Exodus an Israel fënnt statt, well z.B. en etlech Leit sech an hiren Heemechtslänner Frankräich an Däitschland net méi sécher fillen. 37 mat Nazisymboler geschänd Grafsteng huet een um klenge jiddesche Kierfecht vun Herrlisheim am Norde vu Stroossbuerg de 14. Dezember fonnt, dräi Deeg no der Attack op de Chrëschtmaart. 2,6 Milliounen antisemitesch Tweets goufen et am Joer 2016 - ech hu do leider keng méi aktuell Zuele fonnt.

Hei zu Lëtzebuerg si mer bis ewell am Verglach zu aneren europäesche Länner relativ verschount bliwwe vu sou Tendenzen. An awer sinn och hei di éischt Somekäeren geplatzt. A sengem aktuellste Rapport hält den Aarbechtsgrupp RIAL (Recherche et Information sur l’Antisémitisme au Luxembourg) fir d’Joer 2017 dräizéng Fäll vun Antisemitismus fest – dorënner en Ugrëff op eng Synagog an e Buttek souwéi e Mobbingfall an enger Schoul.

An dann denkt een un d’Plakat, wat d’läscht Joer kuerz virun de Wale mat „Judden“ beschmiert gouf, un de Kolleg, deen op der Party op eemol muss geruedstoe fir d’Politik vun Israel, mat där en näischt um Hutt huet, un de Bekannten, dee bedreet gëtt, well e bei enger jiddescher Kulturmanifestatioun liest.

„Wisou posts du Artikelen géint den Antisemitismus?“, sinn ech lo schonns e puermol gefrot ginn, „du bass dach kee Judd.“ Neen, et ass net meng Relioun. Mee et ass en Deel vum kulturelle Kontext, an deem ech, an deem mir opgewuess sinn. Et ass esou en déiwen Deel vun eisem Patrimoine, eisen Traditiounen, datt mir eis dat oft net bewosst maachen. Ech ouni de jiddeschen Apport wier net ech. Ech misst Leit aus mengem Liewe sträichen, meng hallef Bibliothéik eidelraumen, mäin Denke radikal änneren, meng Lëscht mat Lieblingsschrëftsteller, - kënschtler, -philosophen, -museker, -acteuren nei opstellen.

D’Doudesangscht an d‘Panik vun de 6 Millioune Judden, déi am Nationalsozialismus ermort gi sinn, déi hëlt eis alleguerten an d’Flicht – als Mënschen.

Mir gesi se net, mee d‘Äsche vun de Shoah-Affer sinn do. Si schwiewen an der Loft, si leeë sech op eis Schëlleren an erënneren eis drun, aktiv NEEN ze soen.

NEEN zu Antisemitismus, NEEN zu Intoleranz an Diskriminatioun an all Form.