"Jo, och haut gëtt nach gelies." Dës vläicht iwwerraschend, sécher awer berouegend Erkenntnis hat de Luc Marteling, wéi en elo eemol owes mat e puer Kolleegen iessen goung ...

AUDIO: "Keng verlueren Zäit": Apropos vum Luc Marteling

... an iwwer Dësch gouf natierlech iwwer Gott an d'Welt geschwat. Ëmmer aktuell ass de Sujet, wéi komplizéiert et dach wier, sech iwwerhaapt a kompletter Ronn ze gesinn, also fir en Datum ze fannen, op deem jidderee kéint. Leet ee sech ze fréi fest, komme sécher méi wichteg Saachen dertëschent, esou datt d'hallef Ekipp méi oder manner kuerzfristeg ofsoe muss; ass een ze spontan, sinn der sécher genee esou vill schonn ausgebucht, déi dann direkt ofwénke mussen.

An anere Wierder: Mir hunn och iwwer de Stress an iwwer d'Belaaschtung am Alldag geschnësst. Am Fong muss sech do jo jidderee mat der eegener Nues huelen: Déi eng schaffen ze vill, déi aner feieren ze gären, anerer reese stänneg duerch d'Welt, nees anerer kniwwelen andauernd um Haus oder Auto an da gëtt et der nach, déi mengen, si missten nieft der Schaff och nach studéieren ...

Egal wéi: Den Dauerzoustand ass latent bis massiv gestresst, den Tinnitus kléngt schonn an den Oueren, op alle Fall huet de Burn-out scho seng Fühler ausgestreckt a kreest wéi e Geier iwwer eise Käpp.

Wéi ech du sot, ech hätt awer elo endlech e Mëttel géint de Stress fonnt, hu meng Kolleegen d'Ouere gespëtzt. Vläicht ware si dunn enttäuscht, wéi ech hinne verroden hunn, datt et zwee kleng Bicher wieren, déi viru bal 2000 Joer geschriwwe goufen, ma umierken hu si sech dat net gelooss. Am Géigendeel: Hiren Interessi ass bliwwen a se wollte souguer wëssen, wéi d'Nimm vun deenen "aktuellen" Auteure wieren a wéi eng Titelen hir Bicher hätten, déi, wéi et schéngt, antik Hëllef fir modern Problemer enthalen.

Ech hu brav alles matgedeelt, esou gutt ech et nach auswenneg wousst, an - ech ginn et zou - hat deen aneren Dag vergiess, datt mer iwwerhaapt iwwer déi besonnesch Lektür geschwat haten (wat awer elo näischt mat iwwerméissegem Alkoholkonsum ze di gehat hätt).

E puer Deeg drop war ech nawell béis iwwerrascht, wéi ech eng Foto geschéckt krut vun engem vun de Kollegen, op deem houfreg d'Covere vun den zwee Bicher ze gesi waren, schéin niefteneen. Nees e puer Deeg méi spéit koum du souguer nach en zweete Mail, vun engem anere Kolleeg, och hien hat sech d'Bicher besuergt, gelies, se fotograféiert (déi Kéier iwwereneen) a mir gemailt. Mat just dëser Info: "Keng verlueren Zäit".

Wéi frou een dach heiansdo kleng, kuerz, konstruktiv Feedbacke maache kënnen! Ech war voller Freed doriwwer, datt eist Geschnëss iwwer Dësch net einfach sou dohi gesot war, datt déi al Auteure gutt ukomm sinn, datt d'Lektür vun hire Wierker als agreabel a sënnvoll empfonnt gouf. Dat zeechent grouss Literate mat héije Gedanken aus! Wann dat kee Stress ofbaut, wat dann?

Pardon, elo hat ech jo bal vergiess ze verroden, ëm wéi eng Bicher - oder besser: Bichelcher - et sech iwwerhaapt handelt: "Von der Kürze des Lebens" (De brevitate vitae) vum Ale Réimer Seneca an "Gelassenheit" (Peri Alypias/Über die Unverdrossenheit) vum Ale Griich Galen, allebéid zum Beispill an der Reclam-Rei "Was bedeutet das alles?" fir wéineg Suen ze kréien.

Gutt Lektür - hoffentlech ouni Stress!