"Veiller sur mes parents" heescht e Service, deen déi franséisch Post ubitt. De Bréifdréier mécht op senger Tournee eng Visite bei eelere Persounen, déi dacks eleng wunnen, a kuckt, wéi et hinne geet. Domat ginn déi eeler Leit berouegt, an awer och hier Famill. Déi Leit, déi d'Famill fréier entlaascht hunn, belaaschten se haut, mengt de Guy Seyler am Apropos :

Fréier, wéi de Bréifdréier mat der grousser Lieder-Poche zu Fouss ënnerwee war, huet hie jiddereen aus dem Duerf perséinlech kannt. A jiddereen huet hie kannt. Hien huet d ‘Zeitung bruecht, Bréiwer an och d’Sue vun der Pensioun.
E war ëmmer gutt gelaunt, huet hei eng Causettche gehalen, huet do dat Neist aus dem Duerf viru ginn. Datt en och d ‘Wittfraen soll getréischt hunn, ass vläicht aus Näid behaapt ginn. Hien huet awer zur Duerffamill gehéiert.

Wéi ass et haut? Kennt dir äre Bréifdréier ? Dat ass deen, Mann oder Fra, dee mat dem gielen Auto iwwer den Trottoir bis bal an är Boîte fiert. Mat e bësse Chance kënnt dir fir ganz kuerz säi Kapp hanner dem Steier erblécken.

Am Frankräich kritt de Bréifdréier zanter 2017 e bësse vu senger sozialer  Fonktioun zréck. Fir 19,90 - de Mount mécht hien eng Hausvisite. Hie freet no, wéi et där betreffender Persoun geet. An no 10 Minutten kritt hier Famill iwwer eng App de Rapport op hiren Handy. Gëtt een 139 Euro de Mount aus, da kënnt de Bréifdréier 6 mol an der Woch no der Persoun kucken.

Déi sozial Kontakter, déi fréier normal waren, ginn haut kommerzialiséiert.
Mir kafen eis mat Geld aus all Verantwortung.
Esou bal eise Puppelchen 3 Méint huet, gi mir hien an d’Crèche. Säi soziaalt Verhalen, seng Perséinlechkeetsentwécklung, seng Manéieren, all dat solle Friemer hie léieren. D’Elteren hunn domat net méi vill ze dinn.  Fir d’Bomi an de Bopi hu mir och keng Zäit. Déi solle w.e.g an e Foyer. Oder doheem bleiwen, wou de Bréifdréier dann no hinne kuckt.

Mir hu beim beschte Wëlle keng Zäit. A wann, jo da musse mir awer och emol no eis selwer kucken.