Sou ganz nei ass et net méi, d’Joer 2019. Mee wéi ass et mat Ären Neijoschresolutiounen? Si se nach aktuell? D’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu huet sech e puer Gedanken dozou gemaach.

Alle Jahre wieder. Dat gëllt och fir all di gutt Virsätz, déi ee sech spéitstens den 31. Dezember owes op der Silvesterfeier hëlt. Mam Schampes an der Hand ass ganz kloer, datt vum nächsten Dag un e ganzt Joer keen Alkohol méi gedronk gëtt, sech dräimol d’Woch am Fitness gestrampelt gi wäert, nëmmen nach gesond Iessen um Programm steet oder ee sech vill méi Zäit fir sech selwer hëlt.

Di éischt Deeg klappt dat och ganz wonnerbar. Gesond Iessen an Drénke sinn no den exzessive kulinareschen Orgië vun de Feierdeeg quasi eng Erléisung. Beweegung fillt sech no all deem vill Sëtze wéi eng Befreiung un. An di läscht Deeg vum Congé, wa se all vum Feiere midd sinn, fënnt ee souguer e bëssen Zäit, fir sech gemittlech an eng Bidden ze leeën, ze liesen oder op der Yogamatt z’entspanen.

Mee da geet di normal Alldagsroutinn nees un. Oh neen, vergiess, eppes Gesondes fir mat op de Büro virzebereeden, da kafe mer alt en Tankstellebréidchen. Oh, dee gudde Schockela... A wann ech da just ee kléngt Stéckchen... Just eent... An di eng Kippchen, déi ech mat der Frëndin drénken, wat mécht dat schonns? Loosse mer dach sozial bleiwen. Eemol de Fitness aussetzen huet dach kee groussen Impakt. Lo hunn d’Kanner och nach eng fatzeg Erkältung an op der Aarbecht muss ee fir krank Kollegen asprangen - bon, da si mer alt frou, wa mer e bëssen zum Schlofe kommen.

Fir et kuerz ze maachen – di gutt Virsätz huet ee meeschtens ganz séier iwwer Bord geworf. Ech muss soen, ech hu mer di läscht Joren entweder guer keng geholl oder awer versicht, se an engem éischten Ulaf eng limitéiert Zäit duerchzehalen. 2018 war et z.B. deen, manner Kaffi ze drénken. Di éischt dräi Deeg waren Horror, ech hat massive Kappwéi. De fënneften Dag goung et besser, an ech war schonns e bësse stolz, datt ech et schonns esou laang ausgehalen hat. No enger Woch hunn ech mech nees fit gefillt a finalement hunn ech et e ganze Mount ouni di gemuele Bounen ausgehalen. Och dono ass mäi Konsum d’ganzt Joer iwwer méi niddreg bliwwen wéi soss, och wann ech mir dat mol net virgeholl hat.

Et muss net ëmmer di ganz grouss Verännerung sinn. Kleng Momenter hei an do iwwert d’Joer verdeelt, kleng Oase fir Sport an Entspanung, eng gesond Moolzecht pro Dag sinn egal wéi besser wéi di radikal Virsätz, un deenen een einfach ze séier scheitert. D’Enttäuschung an de Frust si vill manner grouss an et appreciéiert een di Erfollegsmodeller méi.

A wéi wier et, wann ee sech einfach géing virhuelen, et am neie Joer, wa sech d’Geleeënheet ergëtt, besser ze maachen wéi 2018? Dat alleng wier dach schonns en héije Usproch, mee ëmmerhin een, deem ee kéint gerecht ginn.