Dës - natierlech express provokant formuléiert - Fro stellt de Luc Marteling haut a sengem Apropos. Doran zerwéiert hien eis Reesandréck aus de Bierger a fäert e bëssen d'Uerteel vun de Bierger, vun de jonke Bierger ...

AUDIO: Apropos: Jonk besser an Al méi schlecht wéi hire Ruff?

Ufänke wëll ech awer mat den ale Bierger, mat deenen, op deenen ee Schi fuere kann. D'lescht Woch war dofir eng optimal Geleeënheet a wa meng Ouere mech net getäuscht hunn, da gouf nawell vill Lëtzebuergesch op de Pisten an den Alpe gesproocht.

Mir sinn do awer net nëmmen d'Sproochen opgefall, ech hunn och e puer Naupen an Uecht geholl. Dobäi hätt ech dorop léiwer verzicht, wann ech ganz éierlech sinn:

Eng eeler Koppel eleng an enger Kabinn an d'Fra leet, fir d'Been am schwéiere Schigeschir auszerouen, einfach emol de Schischong op de fräie Sëtz niewendrun. Ech hätt gär gesinn, wéi se reagéiert hätt, wann e Kand dat gemaach hätt ...

Oder eng Hickecht vun eeleren Hären, déi matten an der Mëttesstonn an an der Mëttessonn, wa Jänni a Männi frou ass, un der frëscher Loft op der Terrass ze iessen, eng un där anerer dämpen. Datt ronderëm se Kanner sëtzen, déi am léifste flüchte wéilten, wann dann nach aner Dëscher fräi wieren, schi-egal, et ass ee jo mëtschgieweg, och beim Damp. Gare la box e Grupp Jugendlecher hätt do Schaarschtech gespillt ...

Och wa Jonker sech virun de Lifter esou beholl hätten wéi esou munch eeler Herrschaften - Schi a Bengele sinn do nawell gäre geféierlech duerch d'Loft geschwonge ginn an an der Schlaang huet een heiansdo gemengt, et wier eng Course -, dann hätt ech gären d'Kommentare vun den Alen iwwer déi Jonk héieren. Motto: D'Jugend vun haut, keng Manéieren, fréier war awer alles besser, jo, jo, natierlech!

Keng Récksiicht op Altersënnerscheeder: D'Greta Thunberg schwätzt eng kloer Sprooch.

Iwwerem Nodenken, datt d'Jugend vun haut vläicht awer besser ass, wéi dacks gesot gëtt, an datt déi Jonk vun haut och wuel vill méi kënnen a wëssen, wéi dacks gemengt gëtt, fält mir d'Greta Thunberg an. Dir wësst schonn, déi 16 Joer jonk Klimaaktivistin aus Schweden, déi viru Kuerzem nach de Politiker zu Bréissel d'Levite gelies huet.

Well Greta huet weder mat hinne gestridden, nach hinnen op d'Schëller geklappt. Dat mécht déi aktuell Generatioun vu grousse Politiker jo selwer gutt genuch. D'Greta huet hinne riicht an d'Gesiicht gesot, datt déi Al, déi Grouss, déi Dichteg d'Welt an d'Mënschheet an eng existenziell Kris manövréiert hunn. Gutt geschafft! Vläicht sollten déi héichcotéiert Käpp sech dat emol duerch de Kapp goe loossen, ech fäerten nämlech, datt d'Uerteel vun der Geschicht - an domat wiere mer bei de jonke Bierger - ganz haart gëtt, well et ganz ellen ausfält. Vill illuster Binette vun haut wäerten, wann iwwerhaapt, just mat enger décker Datz am Gediechtnes vun der Mënschheet bleiwen. Si géife sech schwéier wonneren, ma vläicht sollte si sech dat emol iwwerleeën, fir d'Greta.

Ech beschäftege mech entretemps mat enger ganz anerer Gretchefro, ob ech nach zu de Jonken oder ewell zu den Ale gehéieren - a maache mer do och guer keng falsch Hoffnunge méi ...