Haut ass den 9. Mäerz „the day after“ souzesoen. Well gëschter war den 8. Mäerz, en Dag iwwer deen an op deem ëmmer vill geschwat gëtt iwwer Fraerechter a Fraegläichberechtegung. Dat ass gutt an och net, mengt d‘Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Jo, et ass gutt, de Weltfraendag ass nach ëmmer wichteg, well d‘Welt ass nach laang net do ukomm, datt dee Fraendag obsolet wier.

Neen, et ass net gut, well just een eenzegen Dag fir déi ganz Thematik muss hierhalen. Esou en 8. Mäerz huet jo och e Recht drop, datt iwwer aneres geschwat an diskutéiert gëtt. An all déi aner 364 (oder 365) Deeg am Joer solle sech net virun deenen Diskussioune verstoppe kënnen. Dofir ass d‘Situatioun vu ville Fraen op der Welt ze vill prekär, iwwerall do, wou se Affer vu Gewalt an Ënnerdreckung an Ausbeutung sinn.

An engem gutt situéierte Land wéi Lëtzebuerg géing een dogéint mengen, no 100 Joer Fraewalrecht misst dach alles laang op deem selwechten Niveau leien, wat d‘Stellung vu Mann a Fra ugeet. Mä och hei heescht et op ville Pläng waakreg bleiwen.

Och op deem politeschen, do wou vill Weiche gestallt ginn. Grad bei de leschte Walen ass jo opgefall, datt d‘Präsenz vu Fraen a politesche Funktiounen nach éischter zeréckgaangen ass, trotz Quoten.

Wourunner leit dat? Si mir Fraen net genuch intresséiert? Feelt eis de Courage oder d‘Zäit oder och d‘Ënnerstëtzung? Vläicht e bëssi vun allem?

Mä lo maachen ech genau dat, wat vläicht eng Gewunnecht vun de Fraen ass: mol direkt bei sech selwer siche goen, wou de Probleem ass. Dat ass sécher mënschlech eng gutt Dugend an éiert een och, an trotzdeem.

Ech kéint jo och froen: kréie mer net genuch Geleeënheet eis ze beweisen, gi mer net an d’éischt Rei gelooss a wa jo firwat?

D‘Wourecht leit sécher anzwousch an der Mëtt. Mä et wier gutt sech weider op d‘Sich no där Wourecht ze maachen. An der Hoffnung, datt dat net nach emol 100 Joer dauert.

AUDIO: Apropos "The day after"