Sportler hunn eng Virbildfonktioun. Besonnesch déi Jugendlech orientéiere sech un hiren Idoler.
Duerfir limitéiert dat sech net nëmmen op déi sportlech Leeschtung.  Och nieft dem Terrain soll e Sportler e Virbild sinn. Dat ass leider net méi dacks de Fall, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.

Audio Apropos vum Guy Seyler

Scho ganz kleng Kanner orientéiere sech u bestëmmte Bezugspersounen. Dat sinn d’Elteren, duerno d’Léierpersounen, a méi spéit Staren aus dem ëffentleche Liewen. Eng Schwäizer Etude vun 2017 huet gewisen, datt Sportler hei un éischter Stell kommen.

Esou ginn, wéi hiert Idol. Dat ass de Wonsch, an deem äiferen se no. Dat ass gutt, well de Sport vermëttelt e ganze Koup vu Wäerter. Disziplin, Fairness, Teamaarbecht, Komerodschaft, Responsabilitéit, Courage, Gesondheet. All dat spillt am Sport mat.

An der Theorie jiddefalls. D’Praxis gesäit leider anescht aus. Wann de Goalkeep vun Chelsea net vum Terrain geet, obschonn säin Trainer hien auswiessele wëllt,  ass dat kee gutt Beispill  fir eis Jugend.

De Lance Armstrong an de Jan Ulrich hunn den Tour de France nëmme mat verbuedene Substanzen dominéiert. Déi jéngste Razzia zu Seefeld weist, datt nach ëmmer wieder bedru gëtt.

Dem Cristiano Ronaldo gëtt Vergewaltegung virgehäit. De Lionel Messi huet - wéi esou vill anerer - Steieren hannerzunn.
Dem Neymar seng Theaterstécker um Terrain si kee Beispill vu Fairplay.
Dës Lëscht kann een endlos weider féieren.  De Ribéry feelt nach. Privat maachen ech, wat ech wëll, seet de Spiller vu Bayern München. Richteg. Wann hien e gëllene Steak fir 1200 Euro ësst, da sinn dat effektiv senger Saachen.  Wann hien awer op Facebook domat ugëtt, an dann och nach ausfalend Kommentare mécht, dann ass hien an der Ëffentlechkeet.  An do spillt hien eng wichteg Roll fir vill Kanner a Jugendlecher.

Spëtzesportler sinn haut méi wéi jee an de Medien. De Sport gëtt konsuméiert. Wéi de Ronaldo op Juventus gewiesselt ass,  sinn direkt 520.000 Trikote mat der CR7 drop verkaaft ginn. Wéi de Pogba an den Ibrahimovic bei Manchester United ënnerschriwwen  hunn, ass de Verkaf vu Manu Trikoten op bal 3 Milliounen erop gaangen.

Eis Kids wëlle Virbiller. Si brauche Virbiller. De Poster, deen an der Kummer hänkt, d’Foto vum Gewënner, déi motivéieren.
An et ginn nach Staren, déi déi Roll voll erfëllen. Den Dirk Nowitzki ass ee vun hinnen. 19.000 Spectateuren – haaptsächlech vum Géigner -  hunn dem „German Wunderkind“ kierzlech eng Standing Ovation ginn.
De Roger Federer ass sécherlech ee vun de gréissten Tennisspiller. Trotzdem trëtt de sympathesche Schwäizer ëmmer ganz bescheiden op. Aplaz mat Skandaler mécht hien als UNESCO- Botschafter op sech opmierksam.
Déi éisterräichesch Biathletin Lisa Hauser war hirer Däitscher Konkurrentin Vanessa Hinz onglécklech iwwer de Bengel gefuer, wourop déi nëmme méi mat engem konnt weider fueren. Spontan huet d‘Éisterräicherin hiren eegene Bengel eriwwer gereecht an esou hire Feeler corrigéiert.

Et sinn dacks kleng Gesten,  déi Grousses bewierken. Bei enger Paie a Milliounen-héicht misst d'Virbildfonktioun vum Sportler eigentlech am Kontrakt mat dra sinn.