Wat ass eng vun den éischte Saachen, déi Dir maacht, wann Dir op der Aarbecht ukomm sidd? Richteg – Dir gitt Iech e Kaffi sichen. A genee mat deem huet sech d’Josiane Hoffmann vu www.your-coach.lu e bësse beschäftegt.

Sech moies op der Aarbecht e Kaffi ze maachen oder ee sichen ze goen, ass an éischter Linn emol e Ritual, also eng feierlech-festlech Handlung, déi vu bestëmmte Geste begleet gëtt an vu gréisserer Wichtegkeet ass. De Kaffi schaaft nämlech Orientéierung, gëtt Struktur a Sécherheet. E markéiert den Ufank vum Aarbechtsdag, léisst eis d’éischt emol op der Aarbecht ukommen. Mir maachen eis prett fir d’Aufgaben an d’Ufuerderunge vum Dag.

Donieft ass de Kaffi och e bëssen de soziale Kitt fir Equippen. Ganz oft ass et deen Éischten, deen do ass, deen d’Kaffismaschinn uwerft, also net just fir sech, mee och fir di aner en agreabele Moment virbereet. Zitt een sech e Kaffi am Automat, hëlt een och heefeg enger Kollegin oder engem Kolleg ee mat a weist doduerch, datt ee si oder hie wäertschätzt. Et verdeelt een di eng oder aner Kapsel un deen, dee vergiess huet, sech neier ze kafen. Et dréckt een dem wierklech midde Kolleg den Espressopad an d’Hand, well säin Décapad him dës Kéier net duergeet. Et këmmert ee sech also ëm deen aneren, och a klenge Saachen.

Wann een deen éischte Kaffi op der Aarbecht drénkt, mécht een dat jo meeschtens och net eleng, mee zu zwee oder am Grupp. A während d’Taass dämpt an iwwer 800 Aromen, déi am Kaffi stiechen, wonnerbar richen, tauscht ee sech aus. Et schwätzt een iwwert dat, wat een owes erlieft huet, iwwert dat, wat ee grad beweegt. Innovativ Projeten entstinn heiansdo beim éischte Kaffi. Den éischte Kaffi ass och oft déi eenzeg Méiglechkeet, déi een huet, wann een engem Kolleg oder enger Kollegin eppes am Vertraue wëll matdeelen. Wou geet dat besser, wéi am Kaffiseck, zu zwee virum Automat oder der Maschinn?

Natierlech erlaabt den éischte Kaffi vum Dag engem och, e bësse Kitchenettëpsychologie ze bedreiwen. Wien drénkt säi Kaffi schwaarz? Wien ass also méi puristesch a schafft och effizient? Wien huet Mëllech gäer am schwaarze Gedrénks? Sou Leit solle sech jo manner stresse loossen a méi op anerer agoen. Wiem ass d’Ëmwelt wichteg, sou datt e kompostéierbar Kapselen hëlt? Wien dreemt vläicht heemlech vun engem Date mam George Clooney?

Der britescher Agentur Pressat no drénken iwwregens Leit a stressege Beruffer am meeschte Kaffi op der Aarbecht. Op der Eent stinn do d’Journalisten an d’Leit aus dem Medieberäich, op der Zwee d’Polizisten an op der Dräi d’Enseignantën.

Mee egal a wéi engem Beräich Dir schafft, loosst Iech Ären éischte Kaffi vum Dag gutt schmaachen!