Mënsche mat enger oprechter Kierperhaltung hunn eng formidabel Ausstralung ... gëtt dacks gesot. Doriwwer huet de Roland Kalté sech haut e puer Gedanke gemaach.

"D’Kierpersprooch stëmmt net, 't ass kee Selbstvertrauen do", héiere mer bei Futtballsmatcher - oder am Sport am Allgemengen - dacks vum Reporter.
An da muss ech ëmmer un d’Islänner denken bei der leschter Fussballs-Europameeschterschaft. Riicht Haltung, Kapp a Schëllere no uewen, Broscht no vir. Hu!
"Hal dech emol riicht! Wéi hänks de do?", hu mer dach bestëmmt schonn all gesot kritt. An tatsächlech, wann een esou ouni Loscht do hänkt, ass een onkonzentréiert, schlampeg, onopmierksam. Ouni Spannung am Kierper keng Vitess, kee Jus, keng Schlagkraaft. A wie gutt drop ass, ob den Dag gutt gëtt, ass och eng Fro vun der Haltung.

D’Kierperhaltung engersäits an anerersäits eng bestëmmt Grondorientéierung, déi eist Denken, Fillen, Handele präägt. Wien Haltung huet, weist Réckgrat. En dréint sech net dem Wand no, e knéckt net an. Vermëttelt no baussen Autoritéit. A no banne Selbstvertrauen.

"Déi entscheedend Trennlinn an eiser Demokratie ass d'Haltung", sot de Gauck a senger leschter Ried als Bundespresident.

Eng Haltung ka sinn:

•    kooperativ ze schaffen
•    tolerant mat aneren ëmzegoen
•    verantwortlech ze wirtschaften
•    besuergt, récksiichtsvoll ze sinn
•    ëmweltbewosst an nohalteg ze liewen
•    fir een anzetrieden, wann et néideg ass.

't kéint een Haltung definéieren als innere Kompass.

Also – haalt Iech riicht!