Mir si matten an der Faaschtenzäit. Kënnt dir eppes mat där Traditioun ufänken? Oder ass dat just eppes fir ganz reliéis Leit? De Guy Seyler deet sech mam Faaschte schwéier.

D’Faaschtenzäit dauert vun Äschermëttwoch bis Gréngen Donneschdeg. Gleeweg Katholiken solle während 40 Deeg op Fleesch, Alkohol, Séissegkeeten, an aner genësseg Saache verzichten. Dat mat de 40 Deeg geet mathematesch zwar net op.
Ech hu mam Faaschten meng Problemer. Natierlech weess ech, datt eng Reduktioun vun de kalorieräiche Moolzechten an eiser haiteger Zäit duerchaus sënnvoll ka sinn. Mee ech weess och, datt ech dat net 40 Deeg laang duerch halen.

Faaschten kann awer  och ganz anescht interpretéiert ginn.

Solle mir déi 40 Deeg net benotzen, fir erëm zu eis selwer ze fannen? Fir dem Drock an dem Stress vum Alldag ze entgoen.

Wéi ass et mat Handy- oder Tëlee-Faaschten? Brénge mir et fäerdeg, aus eise Gewunnechten eraus ze klammen, an Owes um 6 Auer den Handy, den iPad a vläicht och d’Televisioun auszemaachen. Duerfir dann d’Gespréich an der Famill oder mat de Kanner sichen.  
Manner fëmmen, manner Alkohol, manner Auto fueren.  All dat ass och eng Zort vu Faaschten.

Ech hu mir fest virgeholl, manner ze meckeren an ze jéimeren.  Ech ginn all deenen, déi iwwerall an ëmmerzou eppes auszesetzen hunn, aus dem Wee.Vum Radar geblëtzt, eng Téitsch am Auto, et gëtt Schlëmmeres.

Meng Equipe huet verluer. Da waren déi aner besser.

Ech akzeptéiere vill Saachen, well ech se souwisou net ännere kann.

Ech hu Vertrauen an eis Politiker. Och wann ech munches net verstinn.