Et weess een et: dee Stull, deen am meeschten op der Welt wackelt ass ëmmer dee vum Trainer. A meeschtens weess een och, wéini datt en zesummekippt. Da wa keng Goler méi falen a keng Punkte méi kommen.

Et géing ee jo mengen, datt eng Equipe, déi kloer a souverän 5-0 géint den Tabelleleader vun engem Championnat gewënnt an dofir nees selwer op der éischter Plaz steet, datt déi Equipe an de ganze Veräin just nach Loscht huet ze feieren. Op wiem senger Party och ëmmer.
Mä anscheinend ass dann awer d'Feierstëmmung net iwwerall domadder garantéiert. "Wann s de gewënns, häss de kënne besser spillen. Wann s de verléiers hues de schlecht gespillt!" Sou einfach huet den Trainer vun dem neien Tabellenéischten aus deem Championnat et op der Pressekonferenz nom Match de leschte Weekend gesot. An du wosst een, do sténken awer d'Lompen, tëscht Trainer a Spiller, tëscht Trainer a Comité, tëscht Spiller a Comité, tëscht wiem och ëmmer. Also kann och esou e klore 5-0 net alles kloer maachen. A mir wëssen et jo: wann et wackelt, brécht ëmmer fir d'éischt dem Trainer säi Stull zesummen. Aacht Mol stoung an deene leschte 7 Deeg op eisem Site vun Trainerentloossungen oder Trainerchangementer ze liesen. Eemol ass och e Manager entlooss ginn a viru kuerzem huet och e President säin Hutt geholl. Et kann ee jo och knapps eng ganz Equipe oder e ganze Comité entloossen, wann de Ball net esou rullt, wéi ee wëll. A wéi e soll, wann dee kriddelechen a kritesche Publikum och soll kommen.
Dat huet sech wuel och en aneren Trainer de Weekend geduecht an emol einfach selwer de Stull zesummegeklappt. Aus perséinleche Grënn, trotz enger Victoire a wichtegen dräi Punkten. Do denkt ee sech dann alt, gutt "perséinlech Grënn" dat si vläicht privat Saachen, gesondheetlech Saachen an da muss een dat verstoen. Datt de Mann awer den aneren Dag säi Stull nees anzwousch anescht opklappt, iwwerrascht dann awer, besonnesch wann dës zwou Equippen och nach den nächste Match géint enee spillen. Sécher net déi galant Manéier, oder hunn hei och d'Lompe scho gestonk? Gouf et dat wichtegt Vertrauen an Zesummeschaffen net méi? War scho mat de Still gerabbelt ginn?
Um Enn sinn déi rabbeleg Still, egal wou se stinn oder opgeklappt ginn, jo och éischter Schleidersëtzer. Mä mat deenen soll ee sech jo aus enger Gefor kënne retten. Oder aus enger Situatioun ouni aneren Auswee.
Well wéi sot de Mann: "Wann s de gewënns, häss de kënne besser spillen. Wann s de verléiers hues de schlecht gespillt!"