Haut hu mir eisem Grand-Duc Jean Äddi gesot a virun enger Woch huet den Télévie eng enorm Solidaritéitswell hei am Land ausgeléist – béid Evenementer hunn Änleches bewierkt, mengt de Camille Ney…

Apropos: D'Häerz um richtege Fleck

An enger Welt, an där Dag fir Dag déi negativ an traureg Schlagzeilen an den Neiegkeeten dominéiere, mat Terror, Accidenter, Naturkatastrophe, Rassismus a Friemefeindlechkeet, Ëmweltskandaler a politeschen a soziale Konflikter, fält et scho bal op, wann emol heiansdo eng positiv Nouvelle dertëscht kënnt. Esou traureg och d’Nouvelle vum Doud vun eisem fréiere Staatschef fir eis all war, esou positiv ass awer och d’Erënnerung un hien. Et huet ee, mat e puer wéinegen Ausnamen, déi Wäermt a Solidaritéit gespuert, déi aus dem Vollek koum.

D’selwecht war et leschte Samschdeg beim Télévie: iwwer 2 Milliounen € goufen hei am Land fir d’Recherche géint de Kriibs gesammelt – also iwwer 3 € pro Awunner – en neie Rekord an de Bewäis dass eis Gesellschaft hiert Häerz nach um richtege Fleck huet! Iwwer déi enorm finanziell Kontributioun eraus, war et awer och den Engagement vu jidderengem Eenzelen, dee sech fir de gudden Zweck staark gemaach huet, déi gefale konnt – an Zäiten an deenen de Benevolat et besonnesch schwéier huet.

Ech géif mir duerfir wënschen, dass des Waarmhäerzegkeet elo e bëssen nohalteg wier. Leit, déi alles schlecht rieden, op Däiwel komm eraus alles kritiséieren an a Fro stellen, bei Commentairen hier gutt Kannerstuff vergiessen, sti bestëmmt scho Fouss beim Mol fir déi nächst Deeg nees aus alle Lächer ze schéissen – spéitstens an 3 Woche sinn Europawalen an dann heescht et „Feier fräi!“. De géigesäitege Respekt lant an der Poubelle an den allgemenge „ras-le-bol“ gehéiert scho bal zum gudden Toun. Eng negativ Spiral, déi d‘Gesellschaft erofzitt, nei psychosomatesch Krankheeten entstinn géint déi keen Dokter ee Rezept huet.