De 26. Mee musse mir erëm wiele goen. Ass dat eng Flicht oder e Recht, freet de Guy Seyler am Apropos vun haut

Firwat soll een nach wiele goen? Si maache jo dach wat se wëllen. De Wielerwëlle gouf net respektéiert. Ech ginn aus Protest net méi!Wa mir keng Walpflicht hätten, da wier d’Resultat ganz anescht. Dat sinn nëmmen e puer Säz, déi een um Comptoir héiert oder neierdéngs och an de sozialen Netzwierker ka liesen. Wa Wale géifen eppes änneren, da wieren se scho laang verbueden, huet de Coluche emol gesot. Mir liewen an enger Demokratie. Ouni Walen gëtt et keng Demokratie. An ouni Demokratie gëtt et keng Walen. Demokratie gëtt awer net iwerall d’selwecht verstanen. Nordkorea ass offiziel eng demoktaresch Volleksrepublik. De Regierungschef Kim Jong Un awer regéiert als Diktator, deem d’Schicksal vu sengem Vollek egal ass.

An der Türkei huet den Erdogan kierzlech gewisen, wat hie vun Demokratie hält. Wann eng Wal net esou ausgeet, wéi de Chef dat wëllt, da gëtt déi ganz einfach annuléiert. An et gëtt nei gewielt. Bis d‘Resultat passt. An et wäert passen.
An enger Etude vun 2018 ginn nëmmen 88 Staaten als fräi bezeechent. An all deenen anere Länner gëtt et keng Garantie op fräi a fair Walen, keng Rechter fir Minoritéiten, keng Pressefräiheet .

Duerfir solle mir eis Walpflicht als eng Chance ugesin, de Fridden, d’Mënscherechter an eis Demokratie an Europa ze stäerken.
Wielen ass keng Pflicht, Wielen ass e Recht. Fir dat Recht hunn d’Frae laang missten kämpfen.