Virun 2 Wochen huet d’Belsch de Covoiturage offiziell bis op eis Grenz agefouert an zu Lëtzebuerg gëtt sech jo elo dermat beschäftegt, wéi een déi Funktioun vun der fréierer Pannespuer och kann aktivéieren. De Camille Ney stellt sech awer nawell eng Rei vu Froen…

Apropos: Y a-t-il un pilote dans l'avion?

Ech muss scho soen, wéi ech fir d’éischt vum Covoiturage héieren hunn, hunn ech geduecht dat wier alt neess eng „histoire belge“, mat aller Léift fir eisen Noper. Wéi ech mir dat du bildlech virgestallt hunn a mech gefrot hu, wéi een dat dann iwwerhaapt kinnt iwwerpréifen, gouf ech een Zoch un de Film « Y a-t-il un pilote dans l‘avion ? » erënnert, an deem opeemol eng opgeblose Popp de Pilot am Cockpit ersetzt. Ginn et Technologien, déi erausfannen, op deen oder déi Sëtzer, virun allem hannendran, wierklech besat sinn? Idem fir e Puppelchen am Maxi-Cosi?

Froen iwer Froen also, mee wéi ech dunn iwwer ähnlech Experienzen am Ausland gegoogelt hunn, hunn ech mir alt geduecht, dass si dat schon iergendwéi wäerten hikréien. D’Kontrollitis hëllt just nach wieder zou, mat deene Kameraen, déi dat sollen iwwerwaachen – mir gi jo souwisou scho gefilmt a Richtung belsch Plage. Big brother is watching you! Hätt den George Orwell 1948 gewousst, wat hie fir e Prophet an där Richtung war, en hätt et wuel an deem Ausmooss selwer net gegleewt. Mee, loosse mer de Covoiturage emol mat 90 rullen a mat der Tirette neess an d’Rei fueren! All Auto, dee vun der Strooss kënnt, ass jo secher e Gewënn fir eis Liewensqualitéit an eis Emwelt.

Mee ech stelle mir nach eng ganz Rëtsch aner Froën! Kommt mir maache Kino am Kapp a fléien emol virtuell iwwer d’Land! Ouni immens vill Imaginatioun ze hunn, stelle mer da fest, dass ronderëm Sterpenich, Zoufftgen oder Gréiwemaacher nach ganz vill Plaz ass. Wa mir also e klengen Deel dovun op deenen 3 nevralgësche Punkte géifen notzen an do gratis Parkhaiser à la Bouillon géifen opriichten, aplaz an a ronderëm d’Stad, an aus deene géifen dann am 5-Minuten-Takt Bussen iwwer déi Pannespur an d’Stad fueren, hätte mir dann nët méi gewonn? A wa gläich niewendru modernst Multifunktiounsbüroe mat schnellster Glasfaser an allem technologesche Pi-Pa-Po, géife gebaut ginn, esou wéi se an eiser Wirtschaft elo schon Usus sinn, déi ee kuerz-, mëttel- oder laangfristeg ka lounen, dann hätte vill vun deene gläich 200.000 Frontalieren alles wat se brauchen, wiere steierrechtlech an der Rei, géifen eppes fir hier Liewensqualitéit an eis CO2-Bilanz maachen.

Bestëmmt gesinn ech dat Ganzt awer och vill ze einfach, well eis Politik huet sécher schon dodru geduecht – duerfir ass se jo do! Mee mat PAG a PAP, Gréngzonen an de Problemer fir déi privat Terrainen ze kréien, wäert dat bestëmmt nach daueren. Duerfir kënnt Google jo an d’Mëtt vum Land op Bissen an den IKEA ass a bleift an der Belsch! Logesch ass also nët ëmmer dat, wat am meeschte Sënn mécht!