Kënne mir hautdesdaags nach waarden? Déi Fro huet sech d’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu an der leschter Zäit méi dacks gestallt

25/05/2019 Apropos vum Josiane Hoffmann - Waarden

An der Lescht sinn ech e puermol am Verkéier, fir et op gutt Lëtzebuergesch ze soen, „versäckelt“ ginn. Di eng Kéier hat ech et „gewot“, fir an der Stad Foussgänger, déi Gréng haten, iwwert den Zebra ze loossen. Dowéinst huet e schicken Här Enn Drësseg an engem grad sou schicken Auto, getut. E puer Meter weider virun der rouder Luucht huet hien d’Fënster erofgeschrauft, mech mat engem ellene Wuert betitelt a geruff, hie géing wéinst mengem Träntelen Zäit verléieren. Hätt ech da lo éiere sollen iwwert d’Leit fueren?

Eng aner Kéier sinn ech op engem dräispurege Boulevard op di rout Luuchten duergefuer. Di Spuer ganz riets hunn zwee Autoe blockéiert. Ech hat net direkt gesinn, datt deen éischten di zwee Winkeren unhat. Dohier sinn ech kuerz stoe bliwwen, fir en erauszeloossen. Hannert mir war en Här mat wäissgroën Hoer a Baart. Mat Karacho ass hie ganz riets vir bei d’Luuchte gefuer, nodeems ech erop geréckelt war. En huet dunn d’Fënster opgemaach a mat roudem Kapp gebrëllt, ech sollt dach bäifueren. Säi geneeë Wuertlaut widderhuelen ech awer elo hei net.

Di Ongedold limitéiert sech net just op de Stroosseverkéier. Ech krut am Supermarché vun enger sécher pensionéierter Madamm erkläert, datt dat awer vill Zäit géing huelen, wann och mäi 5-Jähregt mat apake géing. Beim Bäcker stoung ech des Läscht laang an enger Schlaang. Wéi et u mir sollt sinn, ass en Här erakomm, huet sech poulriicht viru mech gedréckt a bestallt.

Och wann et oft net agreabel ass ze waarden, léiert een heiduerch awer villes. Wann een net grad den Handy hëlt... Et üübt ee sech z.B. a Selbstdisziplin a Gedold. Et trainéiert een, net direkt duerchzedréinen, mee héiflech ze bleiwen a sech am Grëff ze hunn. Et huet een och d’Geleeënheet, eng Situatioun méi genee ze betruechten: Wisou bleift dee viru mir dann elo stoen? Wat ass grad lass am Verkéier?

Di ongewollt Momenter vum Waarden erlaben engem et, kleng Pausen anzeleeën, eemol duerchzeootmen, a sech eranzelauschteren. Vläicht kann ee sech beim Bäcker an der Schlaang dann och einfach just iwwert den Doft vun de frësche Croissante freeën, amplaz sech mat senger Iëleboumentalitéit vir bei d’Théik ze drécken.

Also: Loosst eis dach emol erëm bewosst waarden – och an engem Zäitalter, an deem mir mengen, datt eis Bedierfnesser ëmmer missten direkt erfëllt ginn.