Eigentlech wëll dach jiddereen e glécklecht an erfëllt Liewen hunn. Ma trotzdeem héiere mer permanent eng negativ Tounspur: Gejéimers, Gekloots, Getraatsch a Reklamatiounen. Doriwwer huet de Roland Kalté sech haut Gedanke gemaach

01/06/2019 Apropos vum Roland Kalté - Gejéimers

Si mer net e Jéimervollek? Nee, wat jéimere mer gär. Iwwer d’Wieder, de Chef, d’Politik, de Stau, d’Flüchtlingen, d’Kanner, d’Zukunft, wat ass dat e schäiss Liewen...
Mee, d’Méiglechkeet, decidéieren ze kënnen, wat een aus sengem Liewe maache wëllt, ass fir eis hei e grousse Privileeg. Mer vergiessen et just ëmmer erëm.
Well fir déi allermeescht Leit op der Äerd geet et just drëm fir z’iwwerliewen. An dat dacks op engem dramatesch niddregem Niveau.
Esou ass et fir eis Aart eigentlech ëmmer gewiescht. Friessen oder gefriess ginn, sech géint wëllt Gedéiesch wieren, géint Feinden, Kränkten schütze kënnen, sech drëm këmmeren, fir dass eis Nokommen iwwerliewen an esou gutt ewéi méiglech gerëscht sinn fir d’Liewen, dat s’erwaart.
An – eigentlech zënter éiweg – ka sech ëmmer nëmmen eng kleng Minoritéit op der Welt mat eppes Anerem beschäftegen, wéi dem „Just-nëmmen-Iwwerliewen“. Mer kënnen dat hei.
Mënschen um baussechte Rand vun der Gesellschaft hunn déi Wiel net. Well z’erhéngeren ass och keng Alternative.
Ënner anerem – mer hei – hätten d’Mëttel, déi néideg wieren, fir déi absolutt Aarmut auszerotten, dass eigentlech kee misst erhéngeren. Mee – mer hunn decidéiert, dat net ze maachen.
Dofir jéimere mer ... iwwert d’Wieder, de Chef, d’Politik, de Stau, asw.
Oh, wat hu mer awer och e schäiss Liewen!