Et ass e Klassiker bei de Metapheren, déi berüümte Fro nom Hong an nom Ee a se huet sécher scho fir vill Diskussioune gesuergt. D'Christiane Kremer beschäftegt sech aus aktuellem Grond am Apropos domadder.

„Wie war fir d’éischt do?“ Et  kann eng reng rhetoresch Fro bleiwen oder si kann eng philosophesch, eng ethesch, eng biologesch oder esouguer eng ekonomesch Bedeitung kréien.

Et kann een och soen si hätt e Baart a géif ëmmer op den Dësch kommen, wann ee keng Äntwert wéisst, mä dat ass jo och de Sënn vum Bild vum Hong a vum Ee. Oder muss ech soen vum Ee a vum Hong? Ech wëll elo net dermat kommen, ob fir d‘éischt en Hong en Ee geluecht huet oder fir d‘éischt en Hong aus engem Ee geschlëppt ass. Mech huet an de leschten Deeg nom Riichtersproch an Däitschland nees deen een oder anere Reportage erschreckt bei deem et ëm déi léif giel, flauscheg Jippelcher geet, déi aus deenen Eeër kommen an déi da wuscheleg a butzeg wéi se sinn, triéiert ginn. Fräi nom Motto vum Aschenputtel: déi weiblech an d‘Batterie, déi männlech an de Schredder oder wou och ëmmer se hikommen ier se an de Jippelchershimmel mussen.

Wien net produktiv ass, hat Pech, ob en dofir kann oder net. Woubäi och do d'Fro berechtegt ass, wiem et eigentlech besser geet, deen deen e Liewe laang muss ënner onméigleche Konditioune liwweren oder deen, dee keng Chance op e Liewen huet. Egal wéi, wien als Falschen zum falsche Moment op der falscher Plaz op d‘Welt komm ass, dee kann net op de richtege Wee kommen. Decidéiert een, deen eigentlech a senge Grondgesetzer stoen huet, datt esou net duerf decidéiert ginn: de Mënsch.

Elo kann ee vläicht nees rhetoresch eng Fro stellen: wie war da fir d‘éischt do, de Mënsch oder d‘Déier? Op mannst op déi Fro gëtt et eng kloer Äntwert: d‘Déier. Also hätt d‘Déier déi eeler Rechter, och wann dat mat der Anciennetéit jo och ëmmer esou eng Diskussioun ass bei eis Mënschen.

Dobäi wësse mer all, datt mer den Ament iwwer aner Themen ze schwätzen an nozedenken hunn. Dofir nees eng Fro: wien ass dann nach fir d'lescht do, wa mer esou virufueren: d'Déier oder de Mënsch?
Iergendwéi fänkt een u sech e bëssi eleng virzekommen.