« …damit Sie auch morgen noch kraftvoll zubeißen können ! » war zanter de 60er Joeren de Slogan vun enger bekannter Publicitéit fir Zännpasta op der däitscher Telé – déi mam gréngen Apel. De Camille Ney huet sech an der Läscht emol méi am Detail mat der medezinescher Prophylaxe beschäftegt, a festgestallt, dass ee fir déi, deemno wéi, déif an de Portmonni gräife muss…

Apropos: Op den Zand gefillt

Eent emol direkt vir ewéch : mäin Hausdokter ass nët nëmmen e feine Kärel, mee hien huet och eng Approche, déi mir gutt gefält. Frustréiert doriwwer, dass hie bei Kapp- oder Mowéi meeschtens nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg mat deene passende Pëlle heele konnt, huet hie seng Behandlung ëmmer méi op d’Uersaachefuerschung ausgeriicht, fir no der Wuerzel vum Problem ze sichen. Medikamenter kënne kuerzfristeg hëllefen, suergen awer dacks fir toxeschen Offall am Kierper, deen een dann neess dovu muss entgëften. Eng vun den Haaptuersaachen, op déi hien ëmmer nees stéisst, seet hien, an och ëmmer méi vu senge Confrèren, sinn eis Zänn !

An der « Neue Züricher Zeitung » gi si dann och bestätegt an engem rezenten Artikel mam Titel « Parodontitis begünstigt Demenz », an deem och enetlech Fuerschungsresultater des Ausso beleeën. Am selwechten Artikel steet och an engem vun den Ënnertitelen : « Prophylaxe ass den A an den O ». « Da sinn ech also um richtege Wee ! » hunn ech mir do gesot, hunn ech dach nach viru Wochen mäi läschten Amalgam eraushuele gelooss a mech elo fir eng Parodontose-Prophylaxe ugemeld. Déi deet anschéngend net grad gutt, mee bei der Rechnung kriss de och op den Zand gefillt. Déi trëfft, an do maachen ech dem Zänndokter emol absolut kee Reproche, den Nerv vun eisem Gesondheetssystem.

Bei der Gesondheetskeess – ech betoune « Gesondheetskeess » - ginn esou Interventiounen ënnert dem Code CP8 gefouert – CP steet hei fir Convenance Personelle. An déi privat Zousazkeese bezuelen an esou Fäll och just e klengen Deel erëm, 1. well d’Gesondheetskeess jo net opkënnt an 2. well si et soss secher och finanziell net packen. Deen, deen dat also wëll, bezillt dee gréisste Batz aus der eegener Täsch !  Ech fannen, do ass eis Politik falsch gewéckelt. Eis Gesondheetskeess soll um Enn vun desem Joer 855 Milliounen Euro u Reserven op der Säit leien hunn. Op der Bank gëtt et duerfir keng Prozenter méi – wier et do net besser, déi anëscht a méi sënnvoll unzeleeën ?

Wien nämlech bereed ass, eppes prophylaktesch, a medezinesch ënnerstëtzt, fir seng Gesondheet ze maachen, an also manner Medikamenter oder esouguer Interventioune brauch, soll menger Meenung no net gezwong gi, fir déi Servicer privat déif an d’Täsch ze gräifen. Zumols wann déi Mesuren dozou bäidroen, dass d’Gesondheetskeess herno manner muss opkommen, well eng Prophylaxe gemaach gouf. Loosse mer also hoffen, dass déi concernéiert Leit och esou Artikele liesen oder, wann net, dass een hinnen dowéinst emol op den Zand fillt…