Merci ass nëmmen e klengt Wuert. An dach kënnt et engem – wéi et schéngt – nëmme ganz schwéier iwwer d’Lëppsen. Dat mengt jiddefalls de Guy Seyler am Apropos.

Am Februar haten zwee däitsch Touristen sech an Tirol mat Schnéischong op de Wee an d’Bierger gemaach, Si hunn sech veriert, an hunn Alarm ausgeléist. D’Rettungsequipe huet déi zwee fonnt - duerch an duerch naass a verzweiwelt. Fir d’éischt goufe si mat waarme Kleeder versuergt, kruten eppes Waarmes ze drénken, a goufen dunn a Sécherheet bruecht.

Well si hiren Ausfluch trotz Lawinewarnung gemaach haten, an et och kee medezineschen Noutfall war, kruten si eng Rechnung iwwer  2.261Euro geschéckt. An du goung den Zirkus lass. Aplaz hire Retter vun Dankbarkeet ëm den Hals ze falen, hunn si refuséiert, ze bezuelen.Ee vun den 2 Touristen war Affekot. Hien huet e sëllechen Argumenter opgedëscht, firwat dëse Montant net ugepasst wier.

Dat geet e bëssen an déiselwecht Richtung, wéi bei eis heiansdo mat de Leit vum CGDIS ëmgaange gëtt. Hei leeschte Benevoller Hëllef u Matmënschen, a musse sech dacks duerfir nach Frechheete gefale loossen. 

Elo kann ee soen: Wann d’Sonn op e Mëschtekoup schéngt, da reagéiert dee mat Gestank. Mee ass et net esou, datt Merci soen allgemeng schéngt aus der Moud komm ze sinn?

Wa fréier de Metzler deem Klengen e Rëndelche ginn huet, da war deen éischte Saz vun der Mamm: wéi seet een? Ass dat haut nach esou? De Rëndelche gëtt et nach, mee beim Merci sinn ech net esou sécher.

Wann e frëndlechen Här iech d’Dier ophält, wann de Garçon iech de Patt servéiert, wann d’Mamm gutt gekacht huet, all dat gëtt vill ze dacks als normal higeholl. Dobäi ass et ganz liicht fir Merci ze soen. Dat klengt Wuert kascht net vill Iwwerwannung. Et ass just en Zeeche vu Manéieren, vun Estime a vu Respekt.

De Géigendeel ass arrogant, a grenzt schonn un eng Beleidegung fir deen, deen sech esou vill Méi fir Iech ginn huet.

E Merci ass och eng Motivatioun. Mat dësem klenge Wuert weist de Chef, oder den Enseignant, datt hien är Aarbecht appreciéiert. An et mécht iech houfreg.

Vläicht musse mir erëm léieren, kleng Gesten ze maachen, a kleng Gesten ze appreciéieren. Dat setzt viraus, datt mir erëm méi bewosst liewen. Datt mir de Stress an d’Hetz vum Alldag reduzéieren.

Komm, mir soe Merci, datt et eis gutt geet.
Merci, datt mir eng Aarbecht hunn.
Merci, datt mir an d’Schoul kënne goen.
Merci, datt mir Frënn hunn, déi fir eis do sinn.

 Ech soe Merci, datt dir mir bis heihinner nogelauschtert hutt.