Et ginn eng jett Gruppen an de soziale Medien, déi sech fir Déieren engagéieren. Eppes, wat d’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu awer stéiert, ass den Ëmgangstoun, deen dacks op sou Säite gebraucht gëtt

„Mat deene misst een dat selwecht maachen, Drecksband, wou et ass.“ „Moi je suis contente quand un sale humain meurt.“ „Les humains devraient avoir la même souffrance. … Je payerais cher pour voir torturer ces ordures d’humains.“ „Déi solle frou sinn, déi den Déieren eppes undoen, datt dat net mat hinne geschitt, Dreckspak do.“

Net datt Dir elo mengt, datt verbal Entgleisungen um Radio mëttlerweil salonsfäeg gi wieren. Ech kann iech berouegen, dat ass net de Fall. Dat heite ware just e puer Zitater, déi ech an der Läscht op Facebook ënner Posts op Säite vun Déierefrënn gelies hunn. An ech muss leider soen, et ware mol net di allerschlëmmst, di ech hei ausgewielt hunn.

Ech sinn och Déierefrëndin. Säit ech kleng sinn, hunn ech Hausdéieren. Ech versichen, sou responsabel wéi méiglech der Flora an der Fauna géigeniwwer ze handelen. Ech respektéieren Déieren, sou kleng se och sinn, an dat hunn ech och menge Kanner vermëttelt. Spannen brénge mir virun d’Dier, wa mer eng banne fannen, Beie päppele mir an der Summerhëtzt z.B. op, fir Villercher hu mer Fudder- an Nistplazen. Mech schockéieren Déierequälerei, onméiglech Halungskonditiounen an dowéinst hunn ech och meng Ernärung deementspriechend ugepasst. Bei verschiddene Leit denken ech mir och heiansdo, datt hiren Hond oder hir Kaz vläicht de bessere Mënsch ass.

Trotzdeem kann ech net verstoen, wéi et ka sinn, datt op esou villen Säiten op Facebook, déi vun Déierenassociatioune bedriwwe ginn, verschidde Useren komplett derapéieren.

Datt ee sech iergert, wann eis véierbeeneg Kollegen am Joer 2019 fir Déiereversich agesat ginn, datt ee seng Indignatioun ausdréckt, wann eng Foto vun engem mësshandelten Déier gepost gëtt, datt een entsat ass, wann een en Déier op eng grausam Aart a Weis ëmbruecht huet, do sinn ech ganz mat d'Accord. Wat mech awer stéiert, sinn extrem Kommentaren, an deenen opgeruff gëtt, den Täter op genee déi selwecht Aart a Weis ze „behandelen“ respektiv en direkt ëmzebréngen.

Esou bedenklech Äusserunge schéngen awer oft keen ze stéieren. Am Géigendeel. Se kréie véierzeg Like-Daumen no uewen, eng sëllechen Häerzercher an hir verbal Gewalt gëtt vu verschiddenen aner User duerch Biller verstäerkt. Do gesäit een dann z.B. Fotoe vu Pistoulen an engem Begleettext, deen eng Réckfallquot vun 0% beim Erschéisse suggeréiert.

Datt di éierenamtlech Bedreiwer vu sou Säiten, déi immens engagéiert sinn, elo net de ganzen Dag Zäit hunn, d’Kommentaren vun hire Follower ze moderéieren, ass sécher. Datt verschiddener awer di Incitatiounen zu Haass a Gewalt zouloossen a kee e Piipcheswiertchen dozou soen, ass schwéier nozevollzéien. Wat fir eng Ëmgangskultur gëtt do, wann och onbewosst, gefërdert?

Wéi ka Léift zu Déiere mat Haass op Mënsche kompatibel sinn? Ass et dann net méiglech, d’Leit an allen Hisiichten ze sensibiliséieren respektiv op de Rechtsstaat ze vertrauen, deen Déierequäler bestrooft.