Bis gëschter ass d'Testphas gaangen an där ee maximal mat enger Vitess vun 90 Stonnekilometer zu gewësse Stonne op der Areler Autobunn huet dierfte fueren, d'Marie Gales zitt e Fazit!

Apropos 90km/h

Léif Madamm oder léiwe Monsieur, ech weess jo net wien dës Iddi hat, mä si war net schlecht! Leider gouf se net bis un de Schluss geduecht.

Als heavy Autosfuererin konnt ech wierklech konstatéieren, dass et e bëssi besser gaangen ass wéi soss a soen all deenen Automobiliste Merci, déi sech dru gehalen hu wéi ech a wierklech 90km/h gefuer sinn. Dat sinn déi eng an da ginn et ëmmer nach déi aner, déi de ganze Cortège verschäissen. Jo déi ginn et ëmmer, sot Dir elo!  Mä bon...! Ech an déi eng sinn awer net Mutter Theresa a mussen den Kap fir aner Leit duer halen an an dësem Fall suergen, dass de Verkéier fléisst.

Dofir zréck bei mäi Saz, Iddi net fäerdeg geduecht. Och wann annoncéiert war, dass d'Police dës Testphas iwwerwaache géif, hunn ech seelen der gesinn. Zu dem aneren, firwat net einfach Radaren opstellen? Dir erënnert Iech bestëmmt un de Radar mobil zu Steebrécken? Zanterhier fiert do all, nee pardon bal all Mënsch nawell lues iwwert dëse Chantier, nodeems der immens vill an d'Täsch hu misse gräifen. Vill verstinn nun emol keng aner Sprooch.

Dofir dee Radar hätt richteg gutt gemaach op der A6! Ech hoffe jo dass mir méi dëser Radar mobil hunn an net just een? An dann hätt een op verschiddene Plazen dann d'Vitess kënne moossen!