De Klimawandel a seng Konsequenzen op Mënsch an Ëmwelt si mat der Rentrée an dem globale Klimastreik vum 20. September erëm méi an de Fokus geréckelt. Och d’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu mécht sech seng Gedanken dozou.

Apropos vum Josiane Hoffmann: Klima- an Ëmweltkatastroph

Normalerweis freeën ech mech nom Summer ëmmer op de leschten Drëttel vum Joer.

Dës Kéier ass meng Freed awer verhalen. Säit Wochen hunn ech e Gefill a mer, wat ech mol net richteg cernéiere kann. Et ass eng Mëschung aus Roserei, Trauregkeet, Frust, Onwuel sinn an iergendeppes, wat ech einfach net definéiere kann.

Et huet mat den Auswierkunge vum Klimawandel an der Zerstéierung vun der Natur ze dinn. An neen, et ass net di sougenannt „Eco-Anxiety“, eng chronesch Angscht virun Ëmweltschied. Et ass éischter Suerg an Opbruecht sinn wéinst de katastrophalen Auswierkunge vum Mënsch sengem absurde Striewen no grenzenlosem Fortschrëtt.

Di apokalyptesch Biller vun de Bëschbränn a Sibirien an am Amazonas, vun der Trauerzeremonie fir den doudege Gletscher Okjökull, dem Mikroplastik am arkteschen Äis, dem Schmëlze vun de Gletscher a Grönland, et j’en passe, gi mir net aus dem Kapp.

Et muss ee mol net sou wäit goen. Et brauch ee just un den Tornado am Süde vum Grand-Duché, un déi vill Bränn wéinst der Hëtzt an der Dréchent, de Waassermangel am deels iwwer 40 Grad waarme Summer hei am Land zréckzedenken.

Ronn 40 Joer, nodeems d’Fuerscher fir d’éischt virum Klimawandel gewarnt hunn, deet sech endlech eppes. D’Bewosstsinn, datt et net esou weider ka goen, ass do. Richteg déif gräifend Aktioune lafen awer vill ze lues un, obwuel den aktuelle Sonderbericht vum Weltklimarot eis misst opsprangen doen.

Di meescht vun eis sinn net wierklech bereet, op hire perséinleche Komfort ze verzichten. Di eng fuere mam SUV an de Biobuttek, fir sech öko ze fillen. Di aner hashtaggen Ëmweltparolen, während hiren deegleche Bifdeck an der Pan läit.

De Mënsch kann a wëll sech einfach net virstellen, datt et en enges Daags net méi kéint ginn. Monter seet e wieder um Aascht, op deem e sëtzt.

Mäi Fënnefjähregt freet mech reegelméisseg: „Mamma, hunn ech e schéint Liewen, wann ech eng grouss Madamm sinn?“ Ech weess, éierlech gesot, net richteg, wat ech him dorop äntwere soll. „Ech hoffen et“, soen ech alt. D’Generatioune viru menger konnten nach erklären: „Däi Liewe wäert besser ginn wéi eist.“ Ech kann dat net. Leider.