An den Neiegkeete goung an de leschte Wochen dacks vun technesche Feeler rieds. Ginn et déi wierklech? De Camille Ney huet sech doriwwer esou seng Gedanke gemaach…

Apropos: Technesche Feeler

Klappen an enger Kläranlag, déi sech selbststänneg maachen a Schmorri an d’Uelzecht kéieren, en technesche Problem bei Aarbechte vun engem Opfangbecke mam selwechte Resultat, beim Feier am ënnerierdesche Parking oder méi generell bei engem Fliger deen eroffält oder enger Bréck, déi an de Koup fält. Schicksal? Fügung? Zoufall? Onglécklecht Zesummespill vu verschiddene Facteuren? Pech?

Ee soi-disant „technesche Feeler“ huet mir dunn awer déi wierklech Ursaach vun all techneschem Feeler op eng bildlech Aart a Weis erkläert. Am Tunnel Stafelter koum et och zu engem soi-disant „technesche Feeler“ deen zum komplette Stëllstand gefouert huet bis op eemol Rumeuren opkoumen, ët wiere Lausbouwe gewiescht, déi op de roude Knäppche gedréckt haten. Dee Fall huet mech dozou verleet mir d’Fro ze stellen: ass a sech net all „technesche Feeler“ duerch mënschlecht Versoen ze erklären?

Den Homo Faber 2.0 verstoppt sech hannert der Technik a gëtt hier d’Schold, wann e soss keng Ursaach fënnt. Fir de Paschtouer ass et och méi einfach de Famillen am Trauer no engem Fligercrash Trouscht ze spenden, mat der onglécklecher Fatalitéit vun engem technesche Feeler. D’Politik an d’Wirtschaft sinn och frou, dass et deen Deckmäntelche  gëtt, well soss misst een d’Responsabilitéit jo enzwousch anescht sichen. An dobäi ass et esou einfach: et ass de Mënsch. Esou genial wéi en ass a senger Kreativitéit, esou beschränkt ass en awer am Virausgesi vun deem, wat aus senger Kreatioun ka ginn? Brécken, déi raschten, Bordcomputeren, déi versoen, Batterien, déi brennen, Diech, déi duerch d’Luucht fléien – alles net gewollt, mee et geschitt awer!

A wann ech mech dann an d’Zukunft versetzen, an där de Roboter, vum Mënsch programméiert, de Mënsch wäert ersetzen, da fäerten ech, dass den technesche Feeler nach dacks an den Asaz kënnt fir dem Mënsch seng Limitten net all Dag virun An ze féieren. Geet an den Neiegkeeten also vun engem technesche Feeler rieds, ass dat fir mech esou eppes ewéi e „schwaarze Péiter an enger Cloud“, deem een d’Schold ka ginn, mee wéi sot schonn en anere viru mir: et war net keen!