Et brauch emol net vill fir Erënnerunge waakreg ze halen u Mënschen, déi keng Spueren hannerlooss hunn, well se d‘Méiglechkeet dofir net kruten. An dësem Apropos probéiert d‘Christiane Kremer dat ze maachen.

Et misst een esou villen e Liewe schenken, stoung an engem Mail, deen ech viru kuerzem kritt hunn an an deem e Link dra war iwwer deen ech op eng Internet-Säit komm sinn a wou als Titel "Don't forget me" stoung. Drënner en Zitat aus engem Buch vum spueneschen Auteur Adolfo Garcia Ortega :"Kanner hannerloosse keng Spuren, si schreiwe keng Bréiwer a keng Testamenter. Si hu Frënn, Famill, Elteren a Gesëschter mat deene se liewen. Mä wann déi Erwuessen zesumme mat hinne verschwannen, geet net méi Rieds vun hinnen, emol kee flüchtege Gedanken." Am Buch an um Site geet et ëm Kanner, déi wärend dem zweete Weltkrich ëm d'Liewe komm sinn. 1,5 Millioune Kanner goufen d'Affer vum Holocaust. Vun hinne bleiwe vläicht emol Fotoen oder, wa se scho méi grouss waren, och nach Texter. Dat berüümtenst Dokument ass d'Dagebuch vum Anne Frank an et steet symbolesch nach ëmmer fir kleng a jonk Mënschen, déi d'Chance net haten ze liewen an eppes ze hannerloossen.

Op dësem Site sinn Nimm ze liese mat Fotoen a vrun allem mat Poesie-Albumer.

Aacht Schicksaler ginn hei opgezielt an hir Albume gewisen an deem Blummen, Déieren, Häerzer, souguer Mickymause gemoolt goufen. A kleng Gedichter geschriwwe goufen, wéi dat hei: "Nicht der, der mit Dir lacht - nicht der, der mit dir weint, nur der, der mit dir fühlt. der sei dein Freund"

Ech hunn déi Deeg och emol mäi Poesie-Album erausgeholl, gro mat blenkege Buschtawen vir drop, an hunn derduerch gebliedert an Erënnerunge fonnt u Mënschen, déi schonn net méi do sinn, awer eben och un eng Zäit, déi einfach nëmme schéi war, meng Kannerzäit. Wat hat ech dach Chance!

Déi Chance sollt dach motivéieren deene vergiessene Kanner e Liewe ze schenken an u se denken an erënneren: un déi vun deemools, awer och un déi vill vun haut, déi an onrouege Zäite op onrouege Plaze liewen.

An och un déi, déi nach no mir op dëser Welt sollen a wëlle liewen. Do geet et sécher mat engem Poesie-Album net duer, awer bestëmmt mat Versteesdemech a Suerg a Respekt an Ënnerstëtzung fir hir Zukunft, déi meng vläicht net méi ass.

E Liewe schenken, kann een an all Richtung denken.