Stress am Alldag, wie kennt dat net? Stau fir op d‘Aarbecht, Stau fir vun der Aarbecht.

05/10/2019 Apropos Lafen

Doheem leeft d’Mailbox iwwer. SMSe kommen zu egal wat fir enger Zäit. D’Kanner musse gefouert ginn. Am Haus do waart eng Streck. Mécht dat Iech krank?  Da laaft einfach fort, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

Sport ass déi bëllegste Medezin, déi et gëtt.
Lafen dat einfachste Mëttel, eppes Guddes fir de Kierper ze maachen a gläichzäiteg dem Stress fortzelafen.
Lafen ass en Anti-Depressivum ouni Niewewierkungen. Wëssenschaftler hunn erausfonnt, datt beim Lafen d’Gléckshormon Endorphin produzéiert gëtt. Doduerch ginn déi dréif Gedanken ersat duerch eng positiv Stëmmung. Iwwerdeems d’Been lafen, rout de Kapp sech aus.

De leschte Weekend ware ronn 1500 Leefer op der „Route du Vin“ laanscht d’Musel ënnerwee. Deen éischten huet 63 Minutte gebraucht. Dee leschten ass no knapp 3 Stonnen iwwer d’Arrivée gelaf. An dee war bestëmmt genee esou zefridden, wéi de Vainqueur. Frou, datt hien et gepackt hat. Frou op seng eege Leeschtung. Fir de Fräizäitleefer kënnt et net op d’Klassement un. Et soll virun allem Spaass maachen.

Dat ass besonnesch de Fall bei engem Benefizlaf. Haut de Moien  beim Broschtkriibslaf si wäit iwwer 2000 Leefer a Leeferinnen an hirem Rhythmus duerch de Péitrussdall gelaf. Ouni Zwang a fir eng gutt Saach.

Beim BusinessRun virun 2 Wochen sinn knapp 3500 Aarbechtskollegen iwwer de Kierchbierg gelaf an hunn eppes fir hiren Teamspirit gemaach..

Muer ass fir d’44. Kéier de Walfer Vollekslaf. Et ass e Volleksfest, wou fir jiddereen eppes gebuede gëtt. Och fir déi méi Kleng, fir déi Lafen nach eppes Natierleches ass.

Lafen huet esou vill Virdeeler. Déi iwwerflësseg Kiloen verschwannen, 80% vun de Muskelen schaffen, den Häerz-Kreeslaf, den Immunsystem  an d’Ausdauer gi verbessert.

Wärend dem Lafen passéieren am Kapp déi erstaunlechst Saachen, sot de Joschka Fischer eng Kéier.
Wien d’Welt beweege wëllt, soll fir d’éischt sech selwer beweegen, sot virun méi wéi 2000 Joer de Sokrates.
Du kanns decouragéiert d’Handduch geheien, du kanns dir awer och domat de Schweess ofwëschen, heescht et an enger Reklamm.

Wann ech Iech elo iwwerzeegt hunn, dann huelt d’Been an de Grapp a laaft duerch de Bësch. Deen ass elo am Hierscht besonnesch faarweg.