Homo sapiens ass Laténgesch a steet fir verstännegen oder gescheite a raisonnabele Mënsch. Do kann een dach staunen an et falen Iech der sécher elo vill an, op déi dës Beschreiwung net passt. Och d'Marie Gales, selwer en Homo sapiens huet sech doriwwer Gedanke gemaach.

Apropos: Homo sapiens

Ech sinn e grousse Fan vu Science-Fiction Filmer. 'Alien' mam Sigourney Weaver kann ech zwar mat Amenter just mat den Aen zou suivéieren, well ech eng méi déck Schnëss hunn an awer séier fäerten. Och Jaws (Der weisse Hai) erdroen ech net gutt a schonns bei der Musek kréien ech Häerzklappen. Obwuel de Rise Fësch X Mënsche frësst an dat Wiesen aus der friemer Welt och all Mënsch an der Luucht zerrappt, misst een u sech net SI fäerten, mä éischter déi aner Personnagen an de Filmer am A behalen, de Mënsch. Am Fong bizar, dass mir fir dat extra Béist a Filmer gären op Déieren a Monsteren zréckgräifen an dobäi läit dat Béist sou no. Bei de Mënsche selwer an do si mir leider a kengem Film.

Mir musse vu kengem anere schwätzen, mir hu genuch mat eis ze dinn. Mir brauchen keen aneren Afloss vu wiem oder wat och ëmmer fir d'Grauen op der Welt ze verbreeden. Mir sinn 1a fir eis selwer an anerer immens ze schueden. Bis zu der Ausläschung! Mä iergendwéi kréie mir dat net an eise Kapp!

Natierlech ginn et gutt Mënschen, mä déi Béis verschäissen dach zolidd de Cortège. Wéi vill gutt Mënsche brauch et fir 1 Béisen ze neutraliséieren, also seng Doten nees gutt ze maachen? Dat froen ech mech dacks.

Dir frot Iech vläicht, wien ass da béis? Dat heescht natierlech fir all Mënsch eppes anescht. Fir et awer anzegrenzen, fannen ech kéint een all Mënsch als Gefor bezeechnen, deen duerch seng Aktiounen oder Aussoen aner Mënschen schued, global gekuckt ganz Populatiounen a wann et muss sinn eise Planéit.

Beispiller ginn et der ze vrecks an eisen Noriichten; leider ginn dës dacks un engem laanscht, well een dach u schlecht News, ganz schlëmm am Fong, gewinnt ass.

Viru kuerzem war nees ze liesen, dass iergendwou um Himmel en UFO opgedaucht wier. Och wann ech net u gréng Männercher gleewen, sollte se wierklech eng Kéier kommen, vergiesst net se virum Homo sapiens ze warnen!