Am Apropos vun haut haut mécht d’Bea Kneip sech Gedanken iwwert e ganz speziellt Gebuertsdagskand.

Den 29sten Oktober 2019 ass de 50ste Gebuertsdag vun engem mat dem mir alleguer all Dag ze dinn hunn. E geet eis heiansdo zolitt op d’Schlappe wann en net dat mécht wat e soll, mä wann en dann eng Kéier net disponibel ass, da kënnt gäre Panik op. Rieds geet vum World Wide Web, besser bekannt als den Internet. Mat engem Experiment un der Uni vu Los Angeles huet alles ugefaangen, dat war 1969. An den éischte Message ass dann och nëmmen zum Deel duerchgaangen. Verschidde Saachen änneren sech eben ni. Et huet wuel eng Zäitche gedauert, bis mer alleguer seng Bekanntschaft gemaach hunn, mä vun den 90er Joren un ass et e Strapp méi séier gaangen, an haut begleet en eis op Schratt an Tratt.
Dobäi ass en nach laang net ëmmer fein mat eis. Fake News, Phishing a vill aner desagreabel Nieweneffekter maachen dem Internet-Surfer d’Liewe schwéier. An awer ass mat him sou villes méi einfach ginn. Wou fannen ech an der Vakanz e gudde Restaurant, wéini kënnt de Bus,  wéi schneiden ech meng Heck a wat ass de séierste Wee vun hei bis op do? E weess einfach alles , a mat engem Klick verréit en eis et. Mä opgepasst, et ass wéi deemools mam Orakel vun Delphi, et muss ee gutt iwwerleeën wéi eng Froen ee stellt a wéi een d’Äntwerten interpretéiert.
An, och doru muss een sech gewinnen, den Internet kann een einfach ni a Rou loossen! Permanent ass e ronderëm eis, scho laang net méi just um Computer, nee och den Telefon huet e fest am Grëff, a geschwënn och de Frigo oder d’viischt Dir. Do hätt een heiansdo dach Loscht fir d’Gebuertsdagskand einfach auszespären, en Dag Vakanz, offline, unplugged souzesoen. Trotzdem, Happy Birthday, Internet!