Eng jonk Fra wollt hire léifste Foussballclub an de Stadion kucke goen. Gelant ass se viru Geriicht an elo ass se dout. De Gibbes Bertolo erënnert a sengem Apropos haut op Allerséilen un d'Sahar Khodayari

Mäerz 2019 zu Teheran. Am Azadi-Stadion, dem “Stadion vun der Fräiheet” spillt dee lokalen Esteghlal FC an der asiatescher Champions League géint den FC Al-Ain aus den Emiraten. Ënnert de Spectateuren e ganz treie Fan vun Esteghlal, d'Equipe a blo, d'Sahar Khodayari, eng jonk, liewensfrou Fra vun 29 Joer, déi allerdéngs weess, datt se bei där Parti näischt verluer huet a souguer eng Strof riskéiert.

Am Iran ass et zanter 1981 de Frae verbueden Foussballmatcher vu Männer live ze suivéieren. Déi äerzkonservativ Mullahen argumentéieren domadder, datt Frae virum Ubléck vun hallefplakege Männer an engem vulgären Ëmfeld geschützt solle ginn.

D'Sahar huet et trotzdem gewot. Als Mann verkleed, mat bloer Paréck a bloem Gezei huet et sech an d'Arena erageschlach, souguer eng Foto vun deem memorabele Moment eraus an d'Welt gepost. Et ass opgeflunn, gouf festgeholl an ugeklot. Den 2. September, haut virun 2 Méint, war d'Geriichtsverhandelung. 6 Méint Prisong, esou d'Urteel an éischter Instanz. Als Zeeche vum Protest géint d'Ënnerdréckung vun der Fra am Islam huet d'Sahar sech nach virum Geriichtsgebai mat Benzin iwwergoss an ugefaangen. E puer Deeg méi spéit, 90 % vun der Haut ware verbrannt, ass et u senge Wonne gestuerwen.

Et goufe weltwäit Reaktiounen, Solidaritéitsmessagen, Protester. Fuerderungen un d'FIFA, den Iran esou laang vun internationale Matcher auszeschléissen bis Fraen endlech an de Stadion dierfen. Souguer am streng reliéise Kinnekräich Saudi-Arabien ass et hinnen zanter dësem Joer erlaabt. Virun 3 Woche koum sou eppes wéi en Alenken. Bei der WM-Quali Iran-Kambodscha war net nëmmen d'Resultat historesch: 14-0. Ënnert deenen 80.000 Spectateure waren och eng ronn 3.500 weiblech Fans. Mol keng 5%. Méi goufen der net eragelooss.

En Affront? Eng Drëps op de waarme Steen? Oder en Ufank, en Zeeche vu guddem Wëllen? Datt Iwwerzeegungen a Käpp net vun haut op muer d'Kéier maachen an d'Direktioun wiessele wësse mer. Fir bei deem Bild ze bleiwen: datt saudiarabesch Fraen enges Dags selwer hannert dem Steierrad sëtzen huet nach virun e puer Joer och kee virausgesot. Et ass awer nach e laange Wee.

Dat blot Meedchen, wéi d'Sahar Khodayari wéinst de Veräinsfaarwe vu sengem Club ewell genannt gëtt, kritt vun all deem näischt méi matt. Säin Dout huet awer hoffentlech eppes bewierkt. Ech wäert op alle Fall nach dacks un hatt denken, wann ech sonndes mëttes laanscht d'Gradinen trëppelen.