„An der Rou läit d’Kraaft“, heescht et. De Roland Kalté huet sech a Rou e puer Gedanken dozou gemaach:

„Looss mech a Rou!“ soe mer, wann eis eppes net geet.
Oder „déi bannenzeg Rou ass net ze bezuelen“
Soss huet déi dauerhaft Rou als Konditioun zum Gléck gegëllt.
Mee haut gëtt d’Onrou belount. Dat „Ëmmer-ënnerwee-sinn“, déi permanent Verännerung. D’Konsequenze vun där Grond-Denkweis gi wäit. Ziler sinn eigentlech net wichteg. Gëllen éischter als Endpunkt oder Hemmschwell, an deenen de kollektive Schwong duerch d’Päif geet. An der Denkwelt vun der Onrou sinn Ziler héchstens Orientéierungspunkten, keng Arrivée mee just Iwwergäng. Net den Ablack gëllt, mee ëmmer de nächsten, de Opbroch a Permanenz, déi systematesch Zielosegkeet.
Wéi komme mer Mënschen derzou, eis Rou an eise Fridden opzeginn, fir d’Gléck am Fläiss, an der Aarbecht ze sichen?
Wéi a wou hu mer geléiert, frou mat der Onrou ze sinn?
Firwat kënne mer oder wëlle mer d’Welt net einfach loossen, wéi s’ass? Firwat ass dat Gespenst vum Stëllstand net méi vun eis z’erdroen?
Wat ass dat fir eng komesch Opfaassung, dass de Stëllstand als Réckschrëtt gëllt, ofwaarden als Lämung?
Wéi ass et méiglech, dass e gemitterlechen an zefriddene Mënsch eis scho bal als faden, langweilegen, lidderege Gesell verdächteg gëtt?
Wat ass geschitt, dass mer d’Verlaangere no Fridden a Rou, wéi d’Gléck jo soss geheescht huet, géint d’Verspriechen vun der Onrou getosch hunn?
A wien ass eigentlech dee „mer“?
Wie sinn d’Propagandisten vun där Onrou?
Si huet vill Nimm, d’Onrou. Ob se Stress heescht oder Verännerung, Fortschrëtt oder Beweegung, eist Liewen ass voll dermat duerchgedrongen, ob mer et wëllen oder net. Oder vläicht nach méi schlëmm: Ob mer eis et bewosst sinn oder net.
An dobäi soll ee jo awer säi Liewen bewosst steieren. Net einfach alles geschéie loossen. A scho guer net vun der Onrou. Well – wéi heescht et scho méi? An der Rou läit d’Kraaft!