Viru ronn zwou Wochen ass di nei Virlies-Studie vun der „Stiftung Lesen“ publizéiert ginn. Hir Resultater loosse sech och op Lëtzebuerg bezéien an allgemeng Trends erkennen. D’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu huet sech passend och zu de Bicherdeeg e puer Gedanken dozou gemaach

16/11/2019 Apropos vum Josiane Hoffmann - Virliesen

Am digitalen Zäitalter huet d’Medium Buch et natierlech méi schwéier. Der „Stiftung Lesen“ no kritt an Däitschland aktuell schonns een Drëttel vun den Kanner tëscht 2 an 8 Joer ni oder héchstens eemol d’Woch vun den Eltere virgelies. Ech perséinlech fannen et erschreckend – bal zwou Millioune Kanner sinn dat! Dobäi verbessert Virliesen z.B. d’Sprooch, wat jo grad hei zu Lëtzebuerg mat der Méisproochegkeet en décke Plus ass. Virliesen erliichtert awer och de Start an d‘1. Schouljoer a steigert d’Empathiefähegkeet.

D’Tatsaach, datt bal 60% vun de Pappen ni oder ganz seele mol dem Nowuess eng Geschicht virstellen, weist, datt d’Aufgabeverdeelung an den heterosexuelle Famillen nach ëmmer vill ze klassesch ass. D’Virliesen hänkt, dat huet och dës Studie nees erginn, vum Bildungsgrad of. Mee ganz éierlech: Brauch ee wierklech en héije Schoul- oder Unisofschloss, fir e Kannerbuch virzeliesen? Et geet dach virun allem drëms, e gudde Moment ze deelen, net fir a perfekter Dictioun Goethe virzedroen.

Déi Véierelsstonn Mindestens-Virlieszäit pro Dag, déi d‘“Stiftung Lesen“ recommandéiert, misst ee sech jo trotz Alldagshektik kënnen huelen. Fir haiteg Kanner huet Virliesen nämlech nach ëmmer e wichtege Stellewäert. Se wëlle sech den Elteren kierperlech no an emotional verbonnen spieren, mierken, datt d‘Mamma oder de Pappa ganz fir se do ass an op se ageet.

Mäi Mann an ech hunn eise Kanner schonns als Bëbee virgelies respektiv Billerbicher mat hinne gekuckt. Fir si ass et eent vun de wichtegsten Alldagsritualer. Ganz heiansdo musse mer d’Virliese leider mol ausfale loossen. Do ass dann e fermen Ausgläich néideg: eng laang Extra-Geschicht den Dag drop.

Virun e puer Wochen huet dat Grousst awer ugefaangen, mäi Virliesen als „megakannerech“ ze bezeechnen. Dat huet mir am éischte Moment e Coup ginn. Mir ass bewosst ginn, datt net just fir hatt, mee och fir eis eng nei Liewensetapp usteet. An ... eng nei Liesetapp. Mäi Meedchen huet nämlech gemengt: „Lo liesen ech DIR mol eppes vir.“ An esou kommen ech am Moment erëm an de Genoss vum Harry Potter.

D’Deeg si méi laang, d’Wieder ass méi naass a kal, an oft beschwéiere mir eis ferm heiriwwer. Mee fannt der net, datt grad elo di perfekt Zäit ass, fir unzefänken, de Kanner virzeliesen?