Dëse Sonndeg geet d'Biennale vu Venedeg op en Enn. Och de Lëtzebuerger Pavillon, deen 120.000 Visiteuren hat, mécht dann zou. D'Wierk "Written by water" vum Kënschtler Marco Godinho huet grad an de leschten Deeg eng ganz aktuell Bedeitung kritt.

Den 8. Mee, den Dag ier d'Biennale ugaangen ass, huet et gereent an der Lagunestad, mä schonn den Dag drop, war et nees dréchen a sonneg an et konnt een duerch d'Stroossen an iwwer d'Brécken trëppelen an de Flair vun de Gondelen an de Palazzi genéissen. An de Stroum vun de villen Touristen, déi net ëmmer mat groussem Laache begréisst ginn. Venedeg lieft wuel vum Tourismus, mä leit och drënner. Besonnesch d'Croisières-Schëffer, déi fir kuerz Zäit hir mënschlech Fracht an der Stad erausloossen, sinn de Venezianer en Dar am A. Si fille sech net ëmmer méi doheem bei sech, mä iwwerschwemmt vu Visiteuren, déi no e puer Stonnen nees verschwannen.

An de leschten Deeg gouf Venedeg elo nees iwwerschwemmt, déi Kéier vum Waasser. De Reen, de Stuerm, d'Wellen hunn de Pegel op 187 Zentimeter an d'Luucht gedriwwen, sou héich wéi zanter 1966 net méi. Iwwerall ass et hi gelaf, iwwer d'Markusplaz, an d'Haiser, an d'Schoulen, an d'Kierchen, tëscht Konschtwierker vu fréier a vun haut.
Venedeg an d'Waasser ass näischt Neits. Eng Stad an enger Lagun bauen, war schonn e Risiko vu vir eran, an awer sinn hei architektonesch Meeschterwierker entstanen, ass eng Ambiance vun éiweger Stad entstanen, vu Savoir-vivre, vu Konscht, vu Romantik, déi jiddereen eemol wëll erliewen.

Dat aktuellt Héichwaasser huet Schued gemaach, vill Schued gemaach an d'Autoritéite sinn entsat, wëllen d'Schied natierlech nees flécken, sou gutt et geet. An dann: Waarden op dat nächst Héichwaasser, dat nächst Croisières-Schëff?

Zënter laangem scho gëtt et de Projet MOSE, e Wierk mat grousse Paarten, dat d'Flutwelle vun der Stad soll ewechhalen. Souguer Stol aus Lëtzebuerg gouf geliwwert. Schonn 2014 sollt de Projet fäerdeg sinn. Diskussiounen, Kierzungen, Korruptiounsvirwërf, et war ëmmer eppes, dat de Bau opgehalen huet.

Dem Waasser nolauschteren, wat et ze zielen huet, wat et erlieft, dat war d'Iddi vum Marco Godinho sengem Wierk "Written by water" op der Biennale, hien hat dofir 3000 Hefter an d'Mier gezappt a se esou, wéi se se sech du geformt haten, ausgestallt.
Kuerz gesot: d'Waasser huet eng Stëmm, mä wann op déi net gelauschtert gëtt, da kënnt et vum selwen.