A 6 Deeg ass Niklosdag. Do probéiert den Hellege Mann, déi vill Wënsch vun eise Kanner ze erfëllen. Duerno huet hien dann erëm Rou. Dat gëtt awer och Zäit, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

Apropos: De Kleeschen huet e Burn-out

Wann ech u meng Kannerzäit zréck denken, da war do villes méi gemittlech. Déi Woch virum 6. Dezember hunn ech Owes de Schong gesat. Meeschtens war Moies eng Klengegkeet dran. Heiansdo awer och eng Rutt. Dann hunn ech e klenge Bréif geschriwwen, mam feste Virsaz, mech ze besseren.
Um Virowend vun Niklosdag ass dann de Kleeschen an d’Haus komm. A sengem Buch stoung alles, wat een am Laf vum Joer gestiicht hat. Vun Dateschutz war do keng rieds.
Da gouf den Teller gesat, a Moies huet ee mat groussen Aen säi Cadeau bewonnert.

Hautdesdaags huet de Kleeschen scho bal e full-time Job. Oder wéi soll een erklären, datt den 21. Oktober déi éischt fäerdeg Niklostelleren am Buttek stoungen.
Wie keeft da 47 Deeg virum 6. Dezember en Teller mat Séissegkeeten?  Muss de gudde Mann esou vill virproduzéieren?
Oder ass et, well hien op esou vill Saache muss oppassen: laktosefräi, ouni Gluten, ouni Fett an ouni ze vill Zocker muss et sinn.
 
Ech däerf hei guer net soen, datt zu menger Zäit schokolas Zigaretten um Teller louchen. Dat wier haut e Skandal an den aarme Kleeschen géif ganz schéin d’Levite gelies kréien.
Eriwwer ass et mat enger Pëppchen an enger Wéichen. De Charly kritt och keng nei Lee méi. Den Iesel brauch keen Hee, well hien ass scho laang an der Pensioun. Haut stinn en Tablett, den neisten Handy, eng Play-station a Pokemon um Wonschziedel.

Den Houseker spillt, wann iwwerhaapt, nach just eng Nieweroll.
De béise Gesell wier net méi zäitgeméiss a géif net méi an d’Bild vun haut passen, hunn ech gelies.