Gëschter huet de Kleeschen déi brav Kanner belount a ka sech elo nees ausroue bis de 6.12.2020. De Camille Ney huet him awer nach e Bréif geschriww…

Apropos: Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,

elo bass Du nees am Himmel an ech hoffen, Du bass ouni ze vill Stau gutt do uewen ukomm an Däi Schlitt ass um Wee duerch déi dënn Ozonschicht net all ze knaschteg ginn, mat deem villen CO2 an der Loft. Fir sécher ze goen, wäsch e vläicht eng Kéier, ier’s Du en da bis d’nächst Joer nees an de Schapp stells.

Apropos wäschen: mir hunn hei nieft eisem Gebai e risege Chantier an do fueren d’Camionen de léiwe laangen Dag an an aus. Duerno gesäit d’Strooss ëmmer aus ewéi e Feldwee, oder well et där grad méi hei am Land gëtt: ewéi e Gromperestéck. An da fueren duerno dann nach esou aner, lues Gefierer mat grousse Biischten do driwwer a verschmieren de Bulli nach esou gutt, dass en och nach laang bleift an dass aus der Strooss eng schmiereg Pist gëtt – Gottseidank, dass do nach ni eppes geschitt ass! An Du kanns Dir jo virstellen, dass déi Schleeke-Botzmaschinnen och net ongeféierlech sinn. A wann s de da mam Auto driwwer fiers – ech hunn och nach e wäissen – da gesäit deen eraus ewéi eng S…

Där Chantiere ginn et ëmmer vill hei zu Lëtzebuerg an eist Wieder ass och fir ze kräischen! Chantier, Bagger, Camion, Reen, Bulli, de Rescht kenns de! Ech hunn am Ausland schonn esou Wäschanlage fir Camione gesinn, déi nach am Chantier stinn, an an deenen d‘Camione mat den décke Pneue voller Bulli ofgesprëtzt ginn, ier se op déi bis dohin nach propper Strooss fueren. Also, léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen: ech hunn als Kand och schonn ëmmer gär mat proppere Camionen gespillt. Schenk Du dëse Firmen d’nächst Joer weg esou eng Wäschanlag oder e Sak voll Ticketen fir an d’Wäschanlag, déi si eis da kënne schenken! Merci am Viraus: du hues jo elo ee Joer, fir driwwer nozedenken!

PS: ech schécken dem Chrëschtkëndchen dëse Bréif och alt emol – vläicht kann hatt och schonn eppes maachen!