Et hat dach eppes Futuristesches, wéi ee viru knapp 25 Joer déi éischt Mënsche mat Handyen an de Stroossen zu Lëtzebuerg trëppele gesinn huet, déi mat iergendengem do geschwat hunn. Telefonéieren jo, mä net doheem an der Stuff oder am Gang! Do war ee quelqu'un, ma d'Marie Gales gesäit dat haut e bëssi anescht.

Apropos vum Marie Gales: Handy

Keen Thema, deen Handy kréie mir net méi wech. Och wann et ëmmer nees Mënsche ginn, déi dee ganzen Zauber mat ''Ëmmer erreechbar sinn'' net matmaachen an och konsequent op den Telefon verzichten!

Ufank der 1980er Joren koumen déi éischte Mobiltelefonen eraus an an den 1990er Joren krut ech och mäin Handy. Wow, domadder konnt ee virun allem telefonéieren. Dat wëssen der vill net méi haut. Nosichen am www goung net an ech ka mech elo och net u Fotoen erënneren. Mä mir kommen déi vill Telefonater an de Kapp, déi ech mam Provider hat, well ech ëmmer nees mäi Passwuert vergiess hunn.

Natierlech ass sou en Handy praktesch, duerch hie kommen ech op der richteger Adress un, weess souguer elo wéi laang ech brauch am Stau fir vun A op B ze fueren, ka villes am Internet nosichen an déi neiste News sinn natierlech nonstop ze liesen. Da kann ech schreiwen a brauch quasi net méi mat engem ze schwätzen. Verréckt an dat mat engem Telefon!

Wéi bei allem, gëtt et och beim Handy déi elle Säit. An zwar wa bis Kanner deen an de Grapp kréien an dann den Dilemma ugeet. Sou vill kleng Kanner gesinn ech domadder fir dass se endlech Rou ginn a mat engem klenge Filmchen oder Fotoen ofgelenkt ginn. Hu Kanner kee Bock am Restaurant ze sëtzen, da séier den Handy ausgepak fir dass se beschäftegt sinn!

Ech si keen Expert an Kannererzéiung, mä gesinn dass domadder all Chance op Kommunikatioun doutgeschloe gëtt an ee säi Kand quasi dozou bréngt sech och net méi mat anere Mënschen auserneen ze setzen. Nach méi uerg gëtt et, wa Spiller an d'Spill kommen an d'Kand nonstop géint sech untriede wëll a vun deem Handy net méi ewech kënnt. An da gëtt et jo och nach deen däischteren Internet a vill kromm Gesellen op dem World wide web. Mat dem klengen Apparat späert ee sengem Kand schonns d'Dier e bëssi op.

Well och wa vill Erwuessener nach net all Funktioun vum Handy verstanen hunn, frot är Kanner si kennen ären oder hiren Handy besser wéi Dir mengt!