Afen, Koalabieren, Känguruen a Mënschen. E puer Gedanken ...

11/01/2020 Apropos: Déiererubrik

Zanter gëschter Owend beweisen nees eng Dose sougenannt “Promien” dem gewéinlechen Tëleeskuckert down under zu wat e Mënsch sech erofloosse kann a wëll fir medial Opmierksamkeet ze kréien. Mol ganz dovunner ofgesinn, wat ee vun deem Spektakel oder Trauerspill op där anerer Säit vum Planéit hält: Dëst Joer, esou ass et mol annoncéiert, gi keng lieweg Déiere eragefeiert. Mä alles wéinst deenen desastréise Bränn an Australien komplett ofsoe war keng Optioun – the show must go on.

Ongewollt medial Opmierksamkeet krut jo an de leschte Wochen deen een oder anere Koala. D'Biller vun den auserdiischterten Déieren déi um Pompjee an um Biker hire Waasserfläsche suckelen hunn, mengen ech, kee vun eis kal gelooss. Et sinn och nach aner, manner “séiss” Opnamen doruechter zirkuléiert, gesengte Pelz, verkuelte Känguruen. 1 Milliard Déiere wiere bis elo de Flamen zum Affer gefall.

An da sinn do nach déi 30 Primaten, déi beim Brand vum Afenhaus zu Krefeld an der Silvesternuecht ëm d'Liewe komm sinn. Och déi Nouvelle huet eis erféiert. Nom Ongléck – an dat war et – hu Leit Blummen, Bréiwer a Käerzen virum Zoo néiergeluecht.

Jo, et stierwen all Dag Mënschen a Kanner. Duerch Kugelen a Bommen, un Honger an Duuscht. Jo, engem groussen Deel vun der Mënschheet geet et net gutt, keng Schaff, keen Dag iwwert dem Kapp, keng Frënn.

An da trauere mer elo wéinst e puer Schimpansen an Orang Utanen, et zerrappt eis d'Häerz, wann dee klenge Koala all seng Schei verléiert an eis aus der Hand sëft. Mir spenden, fir datt d'Afenhaus nees opgebaut ka ginn, mir bitzen, heekelen a strécke der australescher Déierewelt Decken a Näschter.

Jo, sollt een déi Suen an Energie net léiwer fir Syrien, Jemen oder Haiti opbréngen? Dat ass, mengen ech, jidderengem selwer iwwerlooss. Mir ass alle Fall am Kontext vun där ganzer Solidaritéit mat Afen, Koalabieren a Känguruen nees e Begrëff agefall, deen ech an der Lescht dacks vermësst hunn, an deen eis jo u sech vun den Déieren ënnerscheet: Mënschlechkeet