De Roland Kalté huet sech doriwwer mol de Kapp zerbrach!

18/01/2020 Apropos: Schimmt

„Schumm dech!“ hunn ech scho laang net méi héieren. Schimmt, e komescht, aalt a net méi dacks gebrauchtent Wuert.
Hunn d’Mënsche sech soss méi geschummt wéi haut? „Schumm dech“ krut ee soss gesot, wann een eppes gemaach hat, dat ee net hätt dierfe maachen. An dann huet ee sech och geschummt, wann et erauskoum war. En ellent Gefill, sech bewosst ze sinn a realiséiert ze hunn, iergendwéi versot ze hunn, de sozialen Erwaardungen oder Normen net entsprach ze hunn.
Ech menge nit, dass an eiser Gesellschaft fréier manner gemaach gouf, wat esou tëscht gutt a schlecht, tëscht normal an anormal läit. Well tëscht deene Grenzen patrulléiert jo d’Schimmt.

Déi Schimmtschwell schéngt awer an der lescht ze falen.

Schould:
Fernseh? Sendungen, wou all Dag Leit sech fir näischt méi genéieren, affrontéiert, ouni Schimmt sech scho bal de Batti stellen.
Internet-Blocks – och do dacks vu Schimmt keng Spuer.
Politiker léien, dass et niwwelt a kraacht.
Medie vermëttelen eis nëmmen hallef Wourechten. Ass dat net och gelunn?
Kee schummt sech méi fir rassistesch Gedanken. Am Géigendeel: E post se nach offiziell op de Facebook.

Huet d’Schimmtnorm sech verréckelt? Läit d’Lat vill méi déif wéi fréier? Ass d’Moral an eng affrontéiert Gesellschaft gefall? Oder ass d’Schimmtgefill nëmmen e moralistescht Ënnerdréckungsgefill, dat ee séier soll lassginn, fir sech fräi entfalen ze kënnen?
Déi lescht Joren oder esouguer Joerzéngten war d’grouss Fräiheet fir eis jo en Idealfall, wou mer vill gesellschaftlech Norme bei der Däiwel gejot hunn. Hoffe mer, dass mer awer alt fir eis Fräiheet net all Wäerter duerch d’Päif joen.

Net, dass mer eis op eemol nach musse genéieren, wa mer eis fir eppes schummen.