An de Medien dominéieren an der Reegel di schlecht Neiegkeeten. Ginn et da guer keng gutt méi? D’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu ass där Fro mol bewosst nogaangen.

25/01/2020 Apropos vum Josiane Hoffmann - Gutt Noriichten

Säit Ufank Dezember hu meng Kanner eng nei Passioun: d’Noriichtekucken. Quasi all Owend zéie se sech „Logo“, d’News fir Kanner, eran.

Ech hoffe mol, datt hir Begeeschterung fir d’Aktualitéit och unhält. Op alle Fall huet dat Ganzt e positiven Impakt. Mir thematiséieren d‘Problemer an der Welt vill méi am Fong wéi virdrun.

D’läscht Woch hu mer z.B. iwwert d’Auswierkunge vun de Bëschbränn an Australien diskutéiert. „Schued, datt einfach ni eppes Guddes passéiert“, huet mäin Eelst iergendwann gemengt. Dee Saz huet mech e bëssen irritéiert. Kannernoriichte bereeden d’Daagesaktualitéit dach eigentlech esou op, datt sech kee pessimistescht Grondgefill entwéckelt.

Ech hu versicht, di Ausso ze nuancéieren. Et géif jo lo an Australien reenen, wat a ville Regiounen géing hëllefen, d’Bëschbränn an de Grëff ze kréien. Also éischter eng positiv Noriicht. Sou einfach kéint een dat net gesinn, hu meng Kanner erkläert. Di vill Iwwerschwemmungen duerch de Reen géifen z.B. d'Koalabieren a Gefor bréngen. A wann dat awer keng negativ Neiegkeet wier...

„Di schwätze jo wéi Aler“, duecht ech. Wéi oft hu mir Erwuessener e schlecht Gefill, wa mir d’Aktualitéit matverfollegen, déi vu Krisen, Katastrophen a Krich gepräägt ass. Wéi oft schéngt eis di latent Ënnergangsstëmmung reegelrecht unzezéien. Natierlech solle mir d’Aen net virun der Realitéit zoumaachen, an awer huet déi hir Schattéierungen. An di kënnen net just schwaarz a gro sinn.

No e bësse Sichen hunn ech du „Good News“ fonnt, eng Gratis-App, déi vu méindes bis freides di wichtegst positiv Noriichten am Internet sammelt. „Molen hält eist Gediechtnes fit“, „Neit Verfahre fir Mikroplastik aus dem Waasser ze filteren“, „E Rettungsplang géint d’Ausstierwe vun den Insekten“. Dat ware just e puer vun den Headlines, op déi ech do gestouss sinn. Di „good News“ deelen ech zanterhier och mat menge Kanner.

Heile-Welt-News sinn et zwar net, mee éischter Noriichten, déi weisen, datt aus dem Negativen eppes Positives kann ervirgoen. A sou stellt ee mat Erliichterung fest, datt et net just d’Baach eran, mee och de Bierg erop geet.