Sech trenne wëllen ass dat eent, sech trenne kënnen, dat anert. Fir datt et gléckt, muss een awer béides hunn. D'Christiane Kremer mécht sech doriwwer Gedanken, um Dag 1 vum Brexit.

"No man is an island" ass en Extrait aus engem Gedicht vum englesche Poet John Donne, deen zur Zäit vum Shakespeare gelieft a geschriwwen huet. Nieft dem weltbekannten Zitat, heescht et do awer nach weider: "Keen ass begrenzt a sech selwer, all Mënsch ass e Stéck um Kontinent, e Stéck vum Ganzen". Gutt, dat Gedicht ass um Ufank vum 17te Joerhonnert geschriwwe ginn, viru 400 Joer. Deemools war England nach en Empire a vun enger EU wäit ewech.

Haut ass England och nees vun der EU ewech. Eng Trennung, déi sech dräi Joer laang gezunn huet. E Bestietnes, dat et just net bis bei d'gëllen Hochzäit gepackt huet. Eng Relatioun, déi awer och ni einfach war, dat musse mer jo, trotz der Trauregkeet vun haut, all zou ginn. Do waren et schonn d'Diskussiounen, wéi 1973 alles ugaangen ass, do war de berüümte Thatcher-Saz "I want my money back", do war ëmmer en "NO" bei wichtegen Ofstëmmungen an do war de Referendum vun 2016. Wat dono koum, wësse mer elo, och wann een, op mannst ech, gemengt huet, dee kënnt net wierklech kommen, dee Brexit.

Mä wéi bei all Trennung, déi an der Loft hänkt, muss iergendwann, iergendeen d'Decisioun derfir huelen. Trennungen hannerloossen um Ufank Schierbelen a schlecht Gefiller. Vill ze dacks bleift dat och esou. Mä et ginn awer och déi Trennungen, bei deenen ee sech herno seet: dat war, ass a bleift e Stéck vu mengem Liewen an ech behalen dat a mengem Kapp an a mengem Häerz, wat et u Schéinem gouf. A wat ech bei deem anere fonnt hunn, wat mech méi räich gemaach huet.

Fir mech sinn dat sécher: d'Landschaften, d'Cottagen, d'Schlässer, Stonehenge, d'Sprooch, de Fussball, d'Musek, den Humor, souguer Fish and Chips, de Cider, Swinging London, Konscht, de Burberry, d'Taxien an d'Äerdbier zu Wimbledon a sécher nach villes méi: alles very british!

A gutt, datt dat jo awer net aus der Welt ass, trotz Brexit. Well mir bleiwen a Kontakt! An hoffentlech och Frënn. Schliisslech ass keen eng Insel.