Ëmmer méi Leit stellen sech d’Fro, wéi gutt si vun de Medien informéiert ginn. Och de Guy Seyler freet sech, ob een sech op dat verloosse kann, wat do geschriwwen oder gesot gëtt.

08/02/2020 Apropos - Wat kann ech wiem gleewen?

Bei dësen Zweiwel spillen natierlech déi sozial Netzwierker eng entscheedend Roll. Facebook ass ganz dacks e Fakebook.
Do gëtt eng Nouvelle geliked a gedeelt. Kee freet, ob et och stëmmt.
Esou gouf schonn 3 Mol behaapt, den italieneschen Acteur Roberto Benigni wier bei engem Autosaccident gestuerwen.  Iwwer eng Millioun Follower hunn dat gedeelt. Fakt ass awer: den  Oscar-Gewënner ass gesond a monter an huet rezent de Gepetto am Film Pinocchio gespillt.

Elo sinn dat Nouvellen, déi een net immens beaflossen, déi een awer d’Fro stelle loossen: wat kann ech wiem nach gleewen?

Mir bauen nëmmen nach nohalteg, woubäi virun allem Energie gespuert muss ginn. Da liesen ech, datt den éisträicheschen Architekt Dietmar Steiner behaapt, mir géifen dee gréissten „Sondermüll der Baugeschichte“  bauen. Wat stëmmt?

Wie vill rout Fleesch ësst, huet e grousse Risiko, Kriibs ze kréien, heescht et an engem Rapport vun der internationaler Kriibsfuerschung. Alles guer net esou schlëmm, steet am „Journal of Clinical Nutrition.“  Jo, wat dann elo ?

An da gëtt et jo och e groussen Duerchernee mat den Elektro-Autoen.
Wann een eisem Energie-Minister Claude Turmes gleeft, dann ass d’Elektromobilitéit d‘Zukunft.
Am Dezember huet de Winfried Wolf zu Bouneweg eng Konferenz gehalen mam Thema: „Mit dem Elektroauto in die Sackgasse.“
Den éisträicheschen Auteur Erwin Thoma behaapt: wann a ganz Europa nëmme méi Elektroautoe géife fueren, géif dat just eng CO2 Reduktioun vun 1 % bedeiten. Fakenews oder Wourecht?

D‘Lithium Batterie maache Problemer, esouwuel bei der Produktioun wéi och bei der Entsuergung. An enger seriéiser Zeitung liesen ech, datt fir eng Batterie 80.000 Liter Waasser verschwannen.  An dat zerstéiert de Liewensraum vu Mënsch an Déier a Süd-Amerika.
Wann en Elektroauto kaaft gëtt, huet e schonn 17 Tonnen CO2 bei der Produktioun verbraucht. Duerfir muss e Verbrennungsmotor 100.000 km fueren. Soll ech dat gleewen oder ass et just Verbreedung vu Panik ?

Bei de Wandrieder ginn d’Diskussioun genee esou kontrovers gefouert wéi beim Klimachangement.
Wie seet d’Wourecht? Kann ech eise Politiker vertrauen?

Heiansdo denken ech ganz nostalgesch u meng Kannerzäit zréck. Do hunn ech dem Paschtouer vertraut, wann hie sot, do uewe wier een, deem seng Hand hei ënnen alles an déi richteg Bunne leed. Mee deen – esou schéngt et - huet mëttlerweil d’Flemm an hält sech aus allem eraus.