An der weltwäiter Stau-Statistik läit Lëtzebuerg jo laut dem rezenten Traffic-Index vum Navigatiounssystem Tom-Tom op der 53. Plaz ënner 416 Stied. De Camille Ney mécht sech esou seng Gedanken iwwer déi an aner verlueren Zäit...

Apropos Verlueren Zäit

163 Stonnen am Stau, dat si bal 7 Deeg, déi mir op déi Art a Weis pro Joer verléieren. Dat wier also ronn eng hallef Stonn pro Dag an ech mengen dann ass Tom-Tom nach fein a senger Analys. Sécher, am internationale Verglach geet et nach schlëmmer, mee wann ee sech emol all déi Situatiounen virun An hält, an deenen ee waart, muss waarden an ëmmer méi laang muss waarden, well mir ëmmer zu méi op dësem Planéit sinn, da freet een sech : wou geet dat hin ?!

Du hëls RV beim Dokter, beim Kiné, an de Verwaltungen an Du weess dass Du nawell – trotz RV - nach Zäit häss fir all d’Brochuren um Dësch ze liesen. Guer net ze schwätze vun der Urgence, wou et urgemment u Leit an Zäit feelt, fir de Wartesall ofzeschafen. Du waarts op de Fliger, op den Zuch, op de Bus, an der Keess vum Supermarché, bei der rouder Luucht, fir op d’Spill am Fräizäitpark, um Telefon an enger Schläif, bei engem Concert oder op der Toilette am Fussballstadion (an da schwätzen ech nach guer net vun der Schlaang virun all Dammentoilette)... D’Fro ass : wat mécht ee mat där Zäit ? Gutt, dass et Handye ginn, déi engem des verlueren Zäit fëllen, obwuel : ass dat net och zum gréissten Deel verlueren Zäit oder einfach nëmmen digital Langweil?

Ech weess net, wéi et Iech geet, mee wann ech heiansdo a Länner ënnerwee sinn, sinn ech jalous op Leit, déi just dat Néidegst hunn, fir iwwer d’Ronnen ze kommen, an awer einfach nëmme glécklech dra kucken. Si liewen ouni Auer an den Dag eran, schwätzen a laache mateneen - do froen ech mech, op mir net awer villes falsch maachen. D’Liewen op der Iwwerhuelspuer kascht eis bestëmmt och e puer Méint wann net Jore vun eisem Liewen, féiert zu psychosomatesche Problemer an esou verléiere mir, op mir et wëllen oder net, wäertvoll Zäit fir ze liewen. A mir hunn nëmmen eent !

An der Tourismusbranche ginn iwwerall Packagen ugebueden, fir ze entschleunegen, erof ze kommen, d’Batterien nees opzelueden, eng, oder 2 Wochen. Mee si mer emol éierlech: dat deet vläicht de Moment gutt, mee nohalteg ass anescht ! Mir sinn eis eens : Gesondheet an Zäit kann een sech wuel ni kafen a manner ass méi ! Elo kann a wëll awer och keen aus sengem Hamsterrad eraussprangen an an d’Pampa plënneren, well dat einfach aus verschiddene Grënn keng Optioun ass. Mee vläicht mécht et jo och guer kee Sënn fir driwwer nozedenken, well dat ass dann och wuel "verlueren Zäit".