2020 an nach ëmmer ass Homosexualitéit en Thema. Dacks huet een d'Impressioun nach beim Urmënsch ze sinn, mengt d'Marie Gales.

Apropos Homosexualitéit

Obwuel net iwwerliwwert ass wat den Neandertaler a Co doriwwer geduecht hunn, wa se sech dann iwwerhaapt do Gedanke gemaach hunn. Warscheinlech ware se mat méi Wichtegem beschäftegt, wéi zum Beispill Satginn a sech schütze viru wëllen Déieren.

Haut verplempere mir eis gro Zelle léiwer mat ze ville Froe wat eisen Noper mécht a mat wiem deen da frou ass, hunn ech d'Impressioun. Dat kann dach net sinn, dass an Noriichte wierklech gesot gëtt, de Pete Buttigieg, amerikaneschen Demokrat, dee fir d'Presidentewale kandidéiert an elo kënnt et, lieft oppen homosexuell. Lieft oppen homosexuell? Who cares! Stoung hannert dem Bernie Sanders, deen et nees probéiert fir US-President ze ginn, dass deen oppen heterosexuell lieft? Oder stoung dat beim Trump, dee leider President gouf?

Wat sinn dat fir Non-Informatiounen! 2020!? A wat geet iwwerhaapt en aneren un, ob deen oder anere säi Liewe mat wiem oder och ëmmer wëll verbréngen? Hu mir näischt Besseres ze denken? Buttigieg! Dat éischt wat ech geduecht hunn wéi ech den Numm gesinn hunn, wéi schwätzen ech dat aus? A wat fir eng Politik mécht dee Mann? De Rescht ass net wichteg.

Uerg genuch, dass et nach ëmmer Länner ginn, déi mat Gesetzer sexuell Relatiounen tëscht Mënsche vum gläiche Geschlecht wëlle reegelen a souguer Prisong bis zum Doud als Strof verhänken am Fall wou! An Amerika ginn et och nach ëmmer Ëmerzéiungscampen, an deene jonk Männer dann agetriichtert kréie wéi béis se sinn a wéi se liewe sollen.

Homophobie ass grad sou absurd wéi Rassismus! E Mënsch ass e Mënsch, egal wat fir eng Faarf oder sexuell Orientéierung.

Ech stellen mech souguer an der éischte Rei fir jidderengem nach eng Zeechnung ze maachen, deen dat Natierlechst vun der Welt nach ëmmer net versteet.