Wie Gewalt uwennt, zum Beispill am Stot, dee kann engem aneren doduerch säi Wëllen opzwéngen. A kann nawell dobäi nëmme verléieren, mengt d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Kee gewënnt!

Fir et virop ze soen, ech weess, dass och Männer Affer vu Gewalt kënne sinn, awer hei géif ech gäre spezifesch iwwer Gewalt géint Frae schwätzen. Virun e puer Deeg hunn ech en Temoignage gesinn, dee mer ganz besonnesch no gaangen ass.  Eng jonk Fra war mat Saier attackéiert ginn, a wäert fir de Rescht vun hirem Liewen entstallt bleiwen. Firwat huet mech grad dee Fall esou beréiert? Et ass jo leider keng Raritéit, all Dag gi Frae mësshandelt, a souguer ëmbruecht, dacks vum eegene Partner. Villäicht huet een es als Fra einfach emol genuch, dass et einfach ni ophält. Ee Punkt ass sécher, dass hir duerch dee feigen Iwwergrëff och hir Fräiheet geholl gouf. Si huet sech zënterhier net méi virun d’Dier getraut, kann net méi schaffen a fillt sech friem an hirem eegene Kierper. Dorëms geet et jo meeschtens bei Gewalt; een aneren ënnerdrécken, fir eigentlech wat ze kréien? Villäicht bréngt et fir den Täter e Gefill vu Muecht, mä ech ka mer net virstellen dass deejéinegen domat glécklech gëtt??? Léift, Unerkennung, Respekt, alles dat wat ee wierklech kéint glécklech maachen, verdéngt een sech net op déi Manéier. Leider hänkt d’Bild vun der Fra an eiser Gesellschaft ëmmer nach schif. Heiansdo kënnen et ural Clichéen oder domm Witzer sinn, déi op eng ganz subtil Manéier Gewalt géint Frae verharmlosen. De Wee vun esou engem Witz bis bei tatsächlech kierperlech oder psychologesch Gewalt ass guer net esou wäit wéi ee menge kéint. A Gewalt géint Fraen deet wéi. Net just de Frae selwer. Och hire Kanner, de Jonge grad esou gutt wéi de Meedercher. Hirer ganzer Famill, der Gesellschaft u sech an, net zu lescht, dem Mann deen d’Hand géint si erhieft. Well all Kéiers wann en dat mécht, da schléit en sech eigentlech selwer.