Heiansdo geet et engem e Strapp ze séier. Da verpasst een den Zuch oder et muss ee feststellen, datt an där Gare kee méi fortfiert. D'Gare ass an dësem Fall eng Bank.

Ech muss zouginn, datt ech nach ni e Frënd vu Serie war. Also Tëleesserien, Netflix, Dir wësst schonn. Dowéinst ass mer da wuel och déi excellent an héichgelueften däitsch-lëtzebuergesch Produktioun “Bad Banks” laanscht d'Nues gaangen. Dobäi kënnt, datt d'Welt vun de Finanzen souwisou nach ni sou ganz meng war. Boursesegmenter, Investmentbanking, Aktiesplitting, NASDAQ, Fongenindustrie, … alles Begrëffer, déi a mengem Alldag kaum bis ni virkommen. Vläicht erkläert dat dann och meng Onwëssenheet, resp. Stupefaktioun, wéi ech virun e puer Deeg an eng Agence vu menger Bank era getrëppelt sinn. Ech war scho laang net méi an enger Agence, et ginn der zwar ëmmer manner mä et ginn der. Nach. Natierlech wéckelen ech meng normal kleng Dagesgeschäfter, wéi quasi jidderee vun eis, kamoud vun doheem aus via Online-Banking of. Elo war awer de Fall do, datt ech eng gréisser Zomm hu missen iwwerweisen. Ech sinn also bis an déi noosten Agence gefuer, prett mat engem Ziedel, wou alles drop stoung, wat deen oder déi hannert dem Guichet muss wëssen a wéi et dunn u mengem Tour war, hunn ech der Persoun vis-à-vis vu mer d'Blat dohinner gehalen. Ech sot: “Et wier fir eng Iwwerweisung, wannechgelift.” Déi frëndlech Damm huet mech grouss gekuckt an, op franséisch iwwregens, gemengt, dat géing net méi goen. Dat misst een ewell selwer maachen. D'Limite op senger personaliséierter Online-Säit eropsetzen, de Virement ausféieren  an dann, wa gewollt, d'Limite nees erof. OK. Ech war ee Moment paff, wosst awer net direkt firwat. Wéinst der Tatsaach, datt esou Iwwerweisungen net méi an der Agence kënne gemaach ginn oder well ech et net wosst? Hat ech do a menger Naivitéit eppes net matkritt? Ass dat schonn zanter méi laangem esou? Iwwerall, bei all Bank? Gutt, ech weess jo elo wéi et geet an et war och guer kee Problem. Am Endeffekt war et nawell ganz easy a praktesch. Ob déi Persoun hannert dem Guichet dat wuel och esou empfënnt? Sad Banks. Bad kann et jo wuel net sinn,  soss wär et net esou ewéi et ass. Elo ass et awer esou, datt ech deemnächst wëlles hunn, e puer Dollar ze wiesselen. Där grénger fir an de Portmonni. Mat engem Mausklick geet dat jo wuel net, ech misst dann nees de Wee an d'Agence untrieden. Oder ech informéiere mech elo am Viraus a ganz am Detail. Vläicht kréien ech se heem geschéckt? Iergendwéi hunn ech d'Gefill, datt d'Devise “no bei de Leit” ëmmer méi problematesch gëtt. An dësen Zäiten ass et vläicht och net vu Muttwëll …